Och eng Maschinn wéi de Computer muss gefleegt ginn. Ma dëse Mount steet symbolesch genau dofir.

Lauschtert eran

Januar ass de ''Botz däi Computer'' Mount. Domat ass natierlech net gemengt mol eng kéier mat enger Stëbslomp iwwert d'Geheis ze fueren, mee déi komplizéiert Maschinn vu bannen e bëssen ze raumen.

Déi ganz Computer-Geschicht huet eigentlech scho relativ fréi ugefaangen. 1946 ass deen éischte Computer mam Numm ENIAC entwéckelt ginn. Bis 1955 sinn déi ''Electrical Numerical Integrator and Calculator'' Maschinne genotzt ginn. Eréischt 1970 sollt de Marché vu Computere richteg revolutionéieren, dat virun allem wéinst dem Steve Jobs a Steve Wozniak, déi deen éischten Apple, op der éischter West Coast Computer Faire zu San Francisco virgestallt hunn. Wat iwwregens och de Grondstee vum Apple-Erfolleg ass.

Ma Computere sinn am Joer 2021 net méi aus dem Alldag ewech ze denken. Jiddereen ass méi oder wéineger all Dag domat a Kontakt. Eppes wat ee quasi dauernd benotzt muss och gefleegt ginn an dofir ass de Januar de Clean Up Your Computer Month. Raumt och mol ären Desktop, well mer wëssen alleguer, dass et Mënsche gi bei deenen um Desktop méi Dateie si wéi a verschiddenen Dossieren. Läscht och all déi Dateien déi der net méi braucht an denkt drun äre Computer och heiansdo mol aus ze maachen.

Last but not least, denkt drun Updates ze maachen. Verschiddener si Spezialisten doranner ni en Update ze maachen a sech dann ze wonneren, dass bemol villes net méi funktionéiert wéi et eigentlech soll.