Wann ee mol bis Loscht op eppes séisses oder salzeges huet, dann ass et schwéier ze widderstoen. Mat dësen Tipps kéint et eventuell trotzdeem geléngen.

Lauschtert eran

Wie kennt et net. Et sëtzt een doheem op der Kusch oder et ass een op der Schaff, wann ee bemol extrem Loscht op eppes Séisses kritt. De Gedanken un e gutt Stéck Schockela, Kamellen oder eventuell Chipse léisst een net méi lass. Fir sech an deem Moment op aner Gedanken ze bréngen ass net grad ganz einfach. Een deen do net vill Disziplin huet, wäert héchstwarscheinlech nees an d'Chipstut gräifen. En Trick deen een do allerdéngs ka probéieren, ass einfach vill Waasser ze drénken. Doduerch kritt een e klengt Sättegungsgefill, esoubal de Mo e bësse gefëllt ass an iesst einfach e gutt Stéck Uebst. Duerch de Fruuchtzocker deen do dran ass léisst de géien Honger normalerweis e bëssen no.

Besser ass et awer präventiv ze schaffen. Probéiert iech iwwert de ganzen Dag eng gutt Basis ze verschafen andeems der mueres genuch iesst. Domat hutt der de Mo gefëllt an d'Loscht ep Snacks dierft normalerweis net esou séier opkommen.

E weideren Tipp ass vill Beweegung. Kuckt, dass der den Dag iwwer genuch aktiv sidd. Och op der Schaff kann een einfach mol opstoen an sech e bësse beweegen, dat lenkt of an deet dem Kierper gutt.

Net ze vergiessen ass d'Flëssegkeet déi een den Dag iwwer soll zou sech huelen. Mindestens 1,5 L Waasser pro Dag soll een drénken. Dat kann natierlech och gär mol méi sinn, mee op kee Fall drënner.

Zu gudder Lescht kënnt dann nach de Schlof. Ok, jiddereen huet en anere Schlofrhythmus. Wärend deen ee just 6 Stonne brauch, brauch en aneren der mindestens 8. Dofir kann ee soen, dass een am Schnëtt 7 Stonne Schlof pro Nuecht brauch.

Esou hutt der also e puer Iddie wéi der de géien Honger kënnt bekämpfen. Am wichtegsten ass hei awer nach ëmmer d'Disziplin, well e Wonnermëttel gëtt et net.