Et ass d'Visittekaart vun enger Mark. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass se no baussen direkt weist fir wat se steet. Eventuell mat verstoppte Messagen.

Lauschtert eran

E Logo fir eng Firma ze entwerfen ass eng grouss Konscht. Och wa verschiddener extrem minimalistesch an einfach op den éischte Bléck ausgesinn, stécht vill Aarbecht a Kreativitéit hannendrun. Dat awer well a ganz ville Logos verstoppte Messagen dra sinn.

Tour de France

Fänke mer mol mam Logo vum ''Tour de France'' un. Kuckt een den O, U an R am Logo, da bilden déi 3 Buschtawen zesumme mat deem giele Punkt eng Persoun déi um Vëlo sëtzt.

© Screenshot YouTube

Beats

Ganz interessant ass och nach d'Mark ''Beats''. E roude Punkt mat engem wäisse B dran. Op den éischte bléck net wierklech spektakulär. Kuckt een dee Logo awer mol am Detail, da fält engem op, dass ee lénks niewent de B just nach e klengt a misst molen, a schonn hätt een de Kapp vun engem Mënsch dee Kopfhörer un huet.

© Screenshot YouTube

Quiksilver

Och bei der Trend-Sport-Mark Quiksilver gesäit ee genau wat se mat hirer Mark wëllen duerstellen an zwar eng Well déi iwwert e Bierg geet. Soll symboliséiere firwat dës Mark steet, nämlech Trendsportaarte wéi Surfen, Ski a Snowboard. Dat ganzt ass iwweregens um Holzschnëtt vum japanesche Kënschtler Hokusai inspiréiert.

© Screenshot YouTube

FedEx

Da wär do nach FedEx. Déi weltwäite Coursier a Logistik – Entreprise huet tëscht dem groussen E an dem X a klenge Feil agebaut dee no riets weist. Domat symboliséieren se Beweegung an Effizienz.

© Screenshot YouTube

Amazon

Zu gudder lescht nach Amazon. D'Firma vum mëttlerweil zweet räichste Mann vun der Welt Jeff Bezos, huet och mat hirem Logo wollte kloer maache fir wat se stinn an zwar Liwwerunge vun A bis Z. Dofir ass bei Amazon ënnert dem Wuert vum A bis bei den Z e klenge Feil gezeechent.

© Screenshot YouTube