
© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
Pussycat Dolls ft Busta Rhymes - Don't Cha
Eis Widdere wënschen sech dës Woch Verännerung. Gidd selwer aktiv, an huelt äert Gléck an de Grapp!
Stéier
Kings Of Leon - The Bandit
D'Stéieren hunn dës Woch domat ze kämpfen ze vertrauen. Maacht net ze vill zou!
Zwilling
All Time Low ft Demi Lovato & Blackbear - Monsters
Eigentlech soll een an der Nuecht nees Energie tanken. D'Zwillinge kämpfen awer e bësse mam aschlofen an der Lescht.
Kriibs
Mark Forster ft Vize - Bist du Okay
D'Kriibsen suerge sech aktuell ëm verschidde Persounen an hirem Ëmfeld, a wëssen nach net esou richteg, wéi se de Problem sollen uschwätzen.
Léiw
Roosevelt - Strangers
D'Léiwen hale sech léiwer ewech vu frieme Leit. Si wëssen, dass d'Gléck heiansdo scho längst virun der Dier steet.
Jongfra
Galantis ft JVKE - Dandelion
D'Fréijoer ass zwar nach wäit ewech, mee d'Jongfrae bléien och schonn dës Woch op.
Wo
Taylor Swift - Gorgeous
Heiansdo ass ee klengt Kompliment grad dat Richtegt. D'Woe freeë sech iwwert d'Bestätegung déi se grad kréien.
Skorpioun
Harry Styles - Golden
Grouss Zäite stinn u bei de Skorpiounen. Passt just op bei eidele Verspriechen.
Schütze
Kanye West ft Chris Martin - Homecoming
Et zitt eis Schützen nees an d'Gebuergenheet vun hirem Doheem. Do ass et nach ëmmer am schéinsten!
Steebock
Drife - Matter Now
Dir wënscht Iech, dass verschidde Saache sech emol géingen änneren. Attackéiert dofir elo eege Projeten!
Waassermann
Childish Gambino - Redbone
D'Waassermänner wëllen et dës Woch jidderengem Recht maachen. Vergiess dobäi är eege Besoinen net!
Fësch
24KGoldn ft DaBaby - Coco
Eis soss esou bescheide Fësch brauchen dës Woch eng Portioun Luxus.