Trotz Brexit an trotz Corona fänkt och 2021 hei a Groussbritannien nees musikalesch un.

D’BBC huet nämlech elo hiren alljärleche “Sound of“ Ranking publizéiert dee virausseet wien musikalesch dëst Joer ganz grouss duerchstarte wäert. An der Vergaangenheet louch d’BBC do och oft richteg. Esou huet si zum Beispill de Succès vum Adele, Sam Smith oder Ellie Goudling richteg virausgesot. A geet et der BBC no, dann ass 2021 d’Joer vum Rapper Pa Salieu.

Lauschtert hei de Reportage:

Den 23 Joer ale Museker vu Coventry schreift kritesch Texter iwwert d’Liewen a Groussbritannien, de Rassismus deem een als Schwaarzen hei am Land begéint a verschafft a senger Musek den Dout vun engem gudde Kolleeg vun him. Seng Musek ass also net ëmmer einfach nozelauschtere mee souwuel an der Zeen wéi och am Mainstream gëtt hien als deen nächste grousse brittesche Rapper gefeiert.

Et ass awer net nëmmen de Pa Salieu deen dëst Joer grouss erauskomme soll. Geet et der BBC no, da stinn d’Chancen och gutt vir D’Songwriterin Holly Humberstone, de Rapper BERWYN an d’Sängerinne GREENTEA PENG a GRIFF déi alle véier op Plazen 2-5 vum Ranking koumen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter