D'Kult-Serie gëtt mat der Originalbesetzung virugefouert, just eng vun de Fraen ass net méi mat dobäi...

Gutt Noriichte fir d'Fans vun "Sex and the City": d'Kultserie ronderëm d'New Yorker Frae gëtt 17 Joer no der leschter Episod nei opgeluecht. HBO Max wäert mat der Serie "And Just Like That" en neit Kapitel baséierend op d'Buch vu "Sex and the City" an der Original TV-Show produzéieren. Mat dobäi ass och e groussen Deel vum Original-Cast wéi zum Beispill d'Sarah Jessica Parker (Carrie Bradshaw), d'Cynthia Nixon (Miranda Hobbes) an d'Kristin Davis (Charlotte York). Déi dräi Haaptduerstellerinne wären net just als hir fréier Charakteren zréck op de Schierm fanne mee sinn och ausféierend Produzentinne vun der Serie.

Vun der Originalbesetzung feelt d'Kim Cattrall, dat an der Serie d'Sexbomm Samantha Jones verkierpert huet.

De Revival soll déi 3 Frëndinnen op der Rees "vun der komplizéierter Realitéit vum Liewen a vun de Frëndschaften an den 30er" zu der "nach méi komplizéierter Realitéit ab 50" begleeden, esou heescht an den offizielle Beschreiwunge vun der neier, aler Serie.

Geplangt sinn 10 Episode vu jeeweils 30 Minutten an d'Dréiaarbechte sollen am spéide Fréijoer zu New York ufänken.