Eng waarm Dusch - de perfekte Start an de Mueren! Oder vläicht awer léiwer eng kal Dusch? Déi soll nämlech méi gesond sinn a glécklech maachen.

Lauschter hei!

Wie mueres Problemer huet op Touren ze kommen, dee gräift dacks op Kaffi oder eng Dusch zréck. Mee an deene mannste Fäll gi mir kal duschen. Et ass ee mueres eben einfach e bësse méi sensibel wat d'Temperatur vum Waasser ugeet, besonnesch elo am kale Wanter. Ausserdeem ass eng waarm Dusch dach vill méi gemittlech.

Eng kal Dusch huet awer vill Virdeeler, virun allem emol mécht se nämlech waakrech - quasi en Ersaz fir de Kaffi! Sécherlech ass se net esou angeneem, mee de Schock erhéicht d'Sauerstoffopnam, de Bols an de Fokus. Dat ass och an där kaler Joreszäit praktesch, well duerch déi gutt Duerchbluddung gëtt d'Kierpertemperatur besser reguléiert. Esou ass engem no der kaler Dusch och net méi sou kal. 

Domadder net genuch: Eng kal Dusch suergt och dofir datt eis Haut an eis Hoer net ausdréchnen. Waarmt Waasser gräift nämlech déi natierlech Fettschicht un déi d'Haut an d'Hoer beschützt. Dat kann zum Beispill zu Irritatioune féieren. Wie kal duscht behält also net nëmmen eng mëll Haut, mee stäerkt och seng Hoer a verhënnert Spliss. 

Kal duschen hëlleft ausserdeem géint Muskelkater a reduzéiert Péng - bësse wéi en Ice-Pack fir de ganze Kierper. D'Keelt suergt och dofir, dass Endorphiner an Noradrenalin, anescht gesot Gléckshormoner, fräigesat ginn. Dat heescht kal dusche mécht tatsächlech glécklech.

Trotzdeem sinn och bei där kaler Dusch e puer Saache wichteg: Et soll een et net direkt iwwerdreiwen. Am Ufank soll ee mol eng Kéier d'Woch an net méi laang ewéi 3 Minutten ënnert dem kale Waasser stoen. Wann ee sech dann dru gewinnt huet kann een no an no d'Zäit op 5 Minutten erhéijen a roueg méi dacks an der Woch kal dusche goen. Am beschte soll een awer och net ëmmer kal duschen, well och déi waarm Dusch huet Virdeeler. Wéi mat allem ass eng gesond Balance wichteg.