Am Summer kënnt et manner wéi am Wanter vir. Dee klenge Blëtz tëscht eis an der Autosdier huet et am léiftste wa manner Loftfiichtegkeet do ass.

Lauschtert eran

Jidderee vun eis hat et scho méi wéi eng Kéier an zwar, dass en eng gewéitscht kritt. Et päkt een zum Beispill d’Autosdier un a scho pätscht et. Ob dat elo geschitt oder net hänkt natierlech ganz vun de Konditiounen of. Dorënner fält zum Beispill wéi eng Kleeder een un huet oder ob vill Fiichtegkeet an der Loft ass.

Dat huet huet virun allem duerch d’Reiwung vu syntheteschen oder wolle Kleeder ze stinn. Reift een elo laanscht e synthetescht Material, kritt ee vun dësen Elektronen, dat sinn negativ Chargen. Huet een der bemol ze vill, wëll de Kierper déi nees lass ginn an dat geschitt wann ee mat engem neutrale Géigestand a Verbindung kënnt, wéi zum Beispill der Dier vum Auto.

Virun allem geschitt dat awer am Wanter, wann d'Loftfiichtegkeet méi geréng ass. Als Beispill hat eis de Mister Science d'Sauna ginn. Wann een nämlech do, bei héijer Loftfiichtegkeet, probéiert e Ballon laanscht seng Hoer ze reiwen, stinn déi net zu Bierg. Mécht een dat awer am Dréchenen, sti se zu Bierg.

Wann een elo o esou Luedunge verzichte wëll, muss een oppassen net ze vill synthetesch oder wolle Kleeder unzedoen.