Wat sinn d'Sanktioune wann een d'Mask net undeet, wéi vill Kontrolle goufe well gemaach a wéi vill taxéiert Avertissementer goufe well ausgestallt?

Och hei zu Lëtzebuerg muss ee seng Mask am ëffentlechen Transport de ganzen Zäiten unhunn. Eng Restriktioun, déi grad an der aktueller Situatioun och eng Rei Froen opwërft. Esou wollt den DP-Deputéierte Max Hahn an enger parlamentarescher Fro wëssen, ob et zu den Aufgabe vun den Zuchbegleeder gehéiert fir d’Clienten op d’Maskeflicht hinzeweisen a falls jo, ob déi zoustänneg Zuchbegleeder och d’Passagéier kënne sanktionéieren, déi sech net drun halen.

Aktuell ass et esou, wann ee Passagéier d’Mask net unhuet, dass dësen drop opmierksam gemaach gëtt se unzedoen. Ignoréiert de Client d’Opfuerderung kann e vum Zuchpersonal dozou opgefuerdert ginn, den Zuch ze verloossen. Dem Zuchpersonal ass et rechtlech net erlaabt, d’Passagéier ze sanktionéieren. Dëst ass der Police an der Douane virbehalen, esou de grénge Minister fir d’Mobilitéit de François Bausch.

Weider wollt den Deputéierte Max Hahn wëssen, ob reegelméisseg Stéchprouwen an de Busser gemaach ginn. An der Äntwert vum Minister François Bausch steet kloer dran, dass onugekënnegt an a reegelméissegen Ofstänn, Kontrollen am ëffentlechen Transport gemaach ginn.

Zesumme mat der Douane huet d’CFL ënnerhalb 10 Deeg an an 49 verschiddenen Zich Kontrollen organiséiert, woubäi 15 taxéiert Avertissementer ausgestallt gi sinn. Am Kader vun enger Kontroll op der Stater Gare, sinn der dogéint esouguer 65 ausgeschriwwe ginn.

Donieft hätt d’Police och zesumme mat der CFL u 4 Deeg a 34 verschiddenen Zich kontrolléiert, woubäi kee protokolléiert gouf, esou de François Bausch wieder.

Am Ganze si 5.192 Leit bei dëse Kontrollen an den Zich kontrolléiert ginn. Et géifen awer keng Donnéeë ginn, wou d’Passagéier am Zuch sech net un d’Maskeflicht gehalen hunn.

Lauschtert eran