Am Jogging akafe goen a kachen? Vläicht net di bescht Decisioun- op mannst, wann ee sech gesond ernäre wëllt.

Vläicht sollt een am Homeoffice ëfters en Hiem oder eng Bluse undoen, am Plaz sech et am Jogging gemittlech ze maachen. Eng nei Etüd weist nämlech, dass de Kleedungsstil tatsächlech dozou bäidréit, op ee sech gesond ernäert oder net.

Formell Kleedung féiert zu engem  méi gesonde Choix

Eng Serie vun Experimenter weist, dass déi Kandidaten déi Business Kleeder unhaten, méi gesond Liewensmëttel ausgesicht hunn wéi déi Persounen, déi am t-Shirt an an der Joggingsbox giess hunn.

D'Kandidate goufen dofir an zwou Gruppen agedeelt: déi Persounen déi formell Kleedung unhaten an déi am Casual Stil. Alleguer krute si Chips a Mini-Tomate virgesat. D’Resultat: vun de formell gekleete Persounen huet bal kee sech fir d’Chips decidéiert, vun deenen am Casual Look war et ronn d’Halschent.

An engem aneren Experiment sollten d’Kandidate sech an engem Supermarché tëscht enger Tut Mandelen an enger Tut Chips entscheeden.

Och hei weist sech di selwecht Tendenz, d.h. Persounen am Business-Outfit wielen di gesond Variant.

Entspaant Iessen a bequemer Kleedung

D’Fuerscher gonn dovun aus, dass Leit a formeller Kleedung sech wärend dem Iesse méi mam Androck beschäftegen, dee si bei anere Mënschen hannerloossen kéinten. Dat féiert dozou dass si sech beim Iessen zréck halen a fir di gesond Variant decidéieren.

Parallel weist d’Etüd och, dass ee mat  bequeme Fräizäitkleeder de Géigendeel erreecht: D‘Persoune sinn entspaant a loosse sech et mat leckeren, awer manner gesonde Liewensmëttel gutt goen.