Covid-19, e Begrëff deen eis gepräägt huet an och ee Food-Trend ervir bruecht huet, deen eis an Zukunft kéint begleeden.

Lauschtert eran

De Coronavirus hannerléisst ganz kloer Spueren. Lescht Joer ëm dëst Zäit si mer gewuer ginn, dass a China zu Wuhan eng mysteriéis Longekrankheet seng Ronne mécht. Elo, ee Joer méi séit, wësse mer dann, dass et net einfach just e klenge Virus ass, mee e Virus deen déi ganz Welt am Grëff huet.

All Joer gëtt deen esou genannte ''Food Report'' verëffentlecht a weist domat wat d’Verbraucher fir dat kommend Joer, a Saache Liewensmëttel a Gastronomie erwaarde kënnen.

Elo, am Januar 2021 gi mer net méi wéi gewinnt an de Restaurant, mee mir bestellen eis eppes heem. De Liwwerdéngscht ass eng Method wéi sech verschidde Restauranten nach kënnen iwwer Waasser halen. En Trend deen eventuell an Zukunft bäigehale gëtt. Dat heescht elo net, dass d’Restauranten ni méi op maache mee, dass warscheinlech deen een oder anere Restaurateur doranner eng Méiglechkeet gesäit, fir nom Lockdown, méi Cliente kënnen ze zerwéieren. Et kann een also vun engem méigleche Food-Trend fir d’Joer 2021 schwätzen.

E weideren Trend wäert d’Biodiversitéit sinn, iwwersat heescht dat soss näischt anescht wéi ''Biologesch Variatioun''. Nëmmen e Brochdeel vun deene Liewensmëttel déi mer kéinte consomméieren, ginn och effektiv vun eis genotzt. E weideren Trend wäert also an Zukunft sinn, méi Variatioun a säin Iessen ze bréngen. Domat gëtt d’Biodiversitéit ënnerstëtzt an op nohalteg a gesondheetsbewosst Weis gekacht.

Last but not Least: Fast Good aplaz Fast Food. Kuerz gesot geet et hei ëm Iesse wat zwar séier gemaach, ma awer och Gesond ass. An eisem hekteschen Alldag ass e gesonde Menü ëmmer méi gefrot.

Domat ass de Grondstee fir eventuell nei Konzepter scho mol geluecht