Dës "Cabins" kann ee sech scho mol verhalen, esoubal reesen nees méi einfach gëtt, an esou laang kënne mer dovun dreemen!

Wéi schéin wär et mol nees ze reesen? Einfach erauskommen, entspanen an näischt vun deem Virus do ze héieren. An der Theorie klengt dat ganz einfach, d'Realitéit ass awer grad eng aner. Wann et dann awer nees esou wäit ass a mer nees onbeschwéiert iwwert d'Grenze kommen, kënne mer direkt den neiste Rees-Trend ausprobéieren: "Cabin Travel". Hei geet et drëms seng Vakanz an enger Hütt matten an der Natur ze verbréngen, ëmgi vu Rou an Entspanung, mat guddem Iessen, bësse Kamäin-Geknister a wäit fort vu Push-Noriichten an anerem Stress. D'Fotoe vun esou Hütte eruewere grad Instagram a Pinterest a wien elo mengt dat wäre just banal Chaleten, deen iert sech, héchstens vu bausse bleift de rustikale Charme erhalen. Mir hunn iech 5 vun dëse luxuriéisen Hütten erausgesicht.

"Panorama Glasslodge", Island

D'Gefill komplett eleng ze sinn an eng spektakulär Vue erliewen, dat alles gëtt et am Panorama Glasslodge an Island. Ronn 30 Minutte vu Reykjavík befanne sech d' "Hütten", déi zur Hallschent aus Holz bestinn an zu där anerer Hallschent aus Glas. Op där enger Säit befënnt sech d'Kichen an d'Buedzëmmer, op der Glassäit d'Schlofkummer, wouduerch een eng phänomenal Vue huet. Esouwuel wann een no vir erauskuckt op d'Bierger an d'Waasser, wéi och wann een am Bett läit an no uewe kuckt. Da kann een nämlech direkt de Stärenhimmel duerch de Glasplafong bewonneren. Ma dës Vue kann een natierlech och am beheizten Ausse-Whirpool genéissen.

 "The Arctic Hideaway", Norwegen

Mir bleiwen a Skandinavien: Ganz uewen am Norde vun Norwege fënnt een d'Konzept "Arctic Hideaway", dat de Museker Håvard Lund virun e puer Joer kreéiert huet. Insgesamt 9 Holzhütte stinn hei op der Fielsen-Landschaft am Vestfjord. Vu bausse gesinn d'Chalete spartanesch aus, ma et geet och virun allem em d'Aussiicht an em d'Rou. Op der Insel ginn et keng Butteker, dofir fënnt een als Gaascht alles wat ee brauch an der Spëndche vun den Hütten oder et kann ee sech e private Kach buchen. Soss verbréngt een d'Deeg mat Spadséiergäng oder erfreet sech dorun einfach mol näischt ze maachen.

"Treehotel", Schweden

Wat déi eng Skandinavier kënnen, kënnen di aner och. A Schweden ginn et ganz speziell Bamhaiser, déi ee bal schonn als architektonesch Meeschterwierker bezeechne kéint. Wien an engem vun den insgesamt 7 Hütte vum "Treehotel" ënnerkënnt befënnt sech matten am Bësch a ka sech un enger Sauna, engem Whirlpool, regionaler Kichen an, jee no Saison, de Polarliichter erfreeën. Definitiv e WOW-Erliefnis!

"Biergduerf San Luis", Italien

Mir hunn et aus dem skandinaveschen Eck eraus gepackt a ginn an Italien, do fënnt een nämlech och esou Premium-Bamhaiser. Dat Besonnescht un dësen Hütten ass, dass et sech ëm e ganzt Biergduerf handelt, dat matten am Bësch op enger Lichtung läit. Direkt niewendrun en idyllesche Séi an deem ee buede kann, an dat alles op 1.400 Meter.

"Four Elements by Berger", Éisträich

Héich am Norden, tëscht den Ybbstaler Alpen an dem Nationalpark Gesäuse trounen 3 Luxus-Chaleten, déi nieft nieft der schéiner Location, direkt nach e puer Saachen ze bidden hunn. Esou kann ee vill Outdoor-Aktivitéiten do maachen oder einfach d'Grillstatioun, de Privatstrand oder den eegene Wellness-Beräich notzen a genéissen. Géif de Portmonnie et erlabe géif een hei wuel am léifsten einfach eraplënneren.

Lauschtert eran