Et war schonn eemol probéiert ginn: den Impeachment vum Trump. Mee wat géif et bedeiten, wann d'Demokraten dës Kéier Erfolleg hätten?

Virop sief scho mol gesot: een Impeachment virum 20. Januar ass wuel onwarscheinlech. Dann ass nämlech dee leschten Dag am Amt vum Donald Trump. Ma de Senat, deen doriwwer entscheed, kënnt awer net virum 19. Januar zesummen. Dofir gëtt wuel eréischt nom 20. Januar doriwwer ofgestëmmt. Mee wat géing den Impeachment dann nach bréngen?

Eemol géif ee Succès vun der Impeachment-Prozedur bedeiten, dass den Donald Trump keng Kandidatur méi dierft stelle fir d'Presidentschaftswalen. Donieft ass et och méiglech, dass den Donald Trump nom Impeachment och net fir aner politesch Ämter dierft kandidéieren. Et géif um politesche Plang also scho mol kloer heeschen: Bye Bye Donald!

Lauschtert hei eran!

Ma et ginn awer och eng ganz Rei finanziell Aspekter a Privilegien, déi den Donald Trump géing verléieren. Dës sinn am sougenannten "Ex-President Act" verankert. Seng Presidente-Pensioun steet do zum Beispill um Spill. Normalerweis géif den Donald Trump all Joer ronn 219'000 US-Dollar kréien als fréiere President. Déi wieren dann och futsch. An och d'Reeskäschten géif de fréieren US-President net méi bezuelt kréien. Pro Ex-President bezilt den amerikanesche Staat all Joer maximal 1 Millioun US-Dollar fir d'Reese vun de fréiere mächtegste Männer.

Aner Privilegien déi den Donald Trump géing verléieren mam Impeachment wieren dann nach: kee Secret-Service méi op Staatskäschten, oder kee speziellt Traitement méi an engem Militärspidol. An am Géigendeel zu deenen aneren Ex-Presidenten, géing den Donald Trump dann och kee Büro plus Personal gesponsert kréien. Zesumme mat deenen diversen Geriichtsaffären déi op den Donald Trump waarden, dierft et wuel eriwwer si mam Glamour-Liewen a Golfen.