Et ass séier gemaach, schmaacht lecker an iergendwéi kritt een net den Eekel doran, egal wéi vill een der ësst a vill Länner hunn hier eege Variant.

Lauschtert eran

Et gëtt quasi kee Mënsch op der ganzer Welt deen et net gären huet an zwar eng Pizza. Mer kenne se ganz traditionelle mat relativ dënnen Deeg, Tomaten Zooss an dann nach allerhand Bäilagen. Der Phantasie si quasi keng Grenze gesat.

Et ass also kloer, dass et och uechtert d’Welt verschidde Variante ginn. Ugefaange mat der tierkescher Variant. Se nennt sech Lahmacun a besteet aus dënnem Deeg, Geméis, Gehacktes an nach verschiddene speziellen Zoossen. Se änelt der italienescher Pizza vun der Optik hier, ma awer net vum Goût.

Da wier do nach déi klassesch Pizza Napolitana aus Neapel an Italien. Et ass déi eenzeg richteg an original Pizza. Pizzadeeg, frësche Mozzarella, frësche Basilikum an Olivienueleg.Déi klassesch Margherita ass iwweregens an de Fuerwe vum italienesche Fändel gehale ginn. Gréng ass de Basilikum, wäiss de Mozzarella a rout d‘Tomatenzoos.

Net ze vergiesse sinn d’Amerikaner. Dat hei mat der Chicago-style Pizza oder och nach deep dish pizza genannt. Decken Deeg Tomatenzooss, Mozzarella an als Belag deemno Fleesch oder Geméis. Dat besonnescht ass, dass den Deeg hei an der Pan gebak gëtt an huet dowéinst och deen héije Bord an deem iwweregens och kënne Kéis oder Fleesch dra verschafft ginn.

Las but not least nach Chatschapuri aus Georgien. Decken an awer ganz mëllen Deeg, Sulguni-Kéis a Spiggeleeër sinn hei mat vun der Partie. Gesäit e bëssen aus déi déi türkesch Pide an den Deeg ass mat Kéis gefëllt. Uewen drop sinn opgeschloen Eeër.