Vläicht gehéiert dir och zu Deenen déi sech gesot hunn: 2020 gëtt mäi Joer! Hätte mir dach nëmme gewosst wat do op eis duerkomme géif...

D’Joer 2020 war fir eis alleguerten eng Erausfuerderung. Wuel hu mir vill geléiert: Saachen, Persounen oder verschidde Beruffer méi ze schätze wëssen, vun doheem ze schaffen, oder ëmmer erëm mat Réckschléi eens ze ginn. Mee den Alldag ass en anere ginn, a vill Leit fillen sech esou oninspiréiert an onkreativ ewéi scho laang net méi. Alles ass ustrengend, mir si permanent midd an de Frust ass grouss. Mat dësen 3 Virschléi soll sech dat elo am neie Joer änneren:

Loosst nei Iddien zou a setzt se ëm!

Zanter bal engem Joer kucke mir konstant op eise Bildschierm, sief et a Meetinger vun der Arbecht, bei Owender op Distanz mat Frënn oder wärend dem binge-watchen op Netflix. Héich Zäit de Bléck emol op aner Saachen ze riichten.
An enger Zäit an där eisen Alldag relativ latzeg ass, lount et sech nämlech d’Ëmgéigend méi bewosst wouerzehuelen a ganz genee drop ze kucken. Wat geschitt wann dir aus der Fënster kuckt? Wat läit direkt virun äre Féiss? Wou ass Potential fir Kreativitéit? Firwat 2021 net emol mat Material eppes bastelen, dat schonn zanter Éiwegkeeten a Këschten op säin Asaz waart? Oder soss DIY-Projete starten déi dir längst ëmsetze wollt? A wann dir et eng Kéier net fillt, da kënnt dir mat diverse Playlëschten oder Podcasts nohëllefen an do nei Inspiratioun sammelen.

Beweegung, mee ouni Drock oder Stress!

Mir héieren et vläicht net gär well d’Couche esou bequeem an d’Wieder esou ongemittlech ass, mee Beweegung deet gutt an hëlleft. Wie kierperlech aktiv ass kënnt nämlech ganz séier op aner Gedanken, egal ob et just e klenge Spadséiergang duerch d’Duerf ass oder dir iech iwwerwannt eng Ronn joggen ze goen. Zwee grouss Virdeeler huet dat Ganzt: Beweegung bréngt eise Kreeslaf an eis midd Gelenker a Schwong. Donieft kommt dir mol doheem eraus a setzt duerch den Zeene-Wiessel nei Reizer, wat de Geescht waakreg mécht an iech frësch inspiréiere kann. Loosst iech awer op kee Fall vum Appell iech méi ze beweegen ënner Drock setzen. Wann dir iech moies virgeholl hutt haut Sport ze maachen an et owes awer net gepackt hutt, dann ass dat kee Weltënnergang!

Sidd fireneen do!

Et ass aktuell esou einfach sech zeréckzezéien. Et ass och absolutt nozevollzéien datt een net nach méi dacks digital kommunizéiere wëll, well een dat berufflech scho gefillt dee ganzen Dag mécht. Et ass awer och e Fakt, datt de Kontakt mat senge Léifste gutt deet. Frot är Kollegen:inne wéi et hinne geet. Frot bei Mënschen no déi eleng wunnen. Setzt och net viraus, datt et deene vermeintlech staarke Mënschen aus ärem Ëmfeld aktuell gutt geet. Bitt also är Gesellschaft un an dir wäert mierken, dat gëtt iech selwer immens vill zeréck. Zesumme kënnt een nämlech op déi beschten Iddien. Erzielt iech vun ären neie Projeten, léiert zum Beispill zesummen eng nei Sprooch, kacht op Distanz an iesst zesumme virum Laptop, daucht a fréier Vakanzen-Erënnerungen an a maacht Pläng fir d’Zäit no Corona. Kuerz gesot: Inspiréiert iech géigesäiteg a maach iech Mutt!

Lauschtert hei de ganze Reportage!