Seng Chance maximéieren, dat ass als Single extrem wichteg. Virun allem op Dating-Plattformen a mat dësen Tipps geléngt et.

Lauschtert eran

D'Dating-Welt ass net ëmmer eng einfach Welt. Sicht een déi séier Nummer oder eventuell eppes Festes, kann et esouwuel fir dat eent wéi och fir dat anert mol heiansdo richteg schwiereg ginn. Eng Fro déi vill Single beschäftegt ass, wéi ee sech zum Beispill op Dating-Apps richteg presentéiert fir seng Chancen ze erhéijen.

Enger Etüd no kënne Single bei Tinder mat enger Foto beim richtege Sport punkten. E britteschen Online-Sports-Kleeder-Händler wollt wësse wéi eng Sportaarten op Tinder am attraktiivste sinn an zu méi Erfolleg féiert.

Dofir si huet den Dan Carther, Senior Manager bei sportshoes.com 6 männlech a 6 weiblech Profiller op Tinder erstelle gelooss, fir ze kucke mat wéi enge Sportsfotoen een am meeschte Succes huet.

Pro 200 swipes ass eraus komm, dass e Mann dee Yoga mécht 25 mol d'Interessi bei de Fraen ugereegt huet. Kraafttraining ass mat 21 ''Yes'' swipes op der zweeter Plaz a Vëlofuere mat 14 op der drëtter.

Bei de Fraen ass et e bëssen anescht. Eng Fra déi Vëlo fiert huet pro 200 swipes 116 mol e Yes kritt an ass domat op der Plaz eent. Op der zweeter ass d'Lafe goe mat 114 an op der drëtter dann d'Klettere mat 68 Yes-Swipes.

Männer, et gëllt sech also a Yogacoursen unzemellen a fir d'Fraen heescht Vëlo fueren an net vergiessen dobäi Fotoen ze maache fir op Tinder. Vill Spaass beim Swipen.