Schwaarz, mat Mëllech, mat Zocker oder Mëllech an Zocker. Fir all Kaffi-Variant gëtt et quasi ee Perséinlechkeets-Typ. Erkennt der iech erëm?

Lauschtert eran

Den Dr. Alfred Gebert, Professer fir Psychologie a Soziologie aus Münster, huet sech iwwert Joren domat beschäftegt an Etüden dozou gemaach. Ma och déi amerikanesch Psychologin Dr. Ramani Durvasula huet eng Etüd zu dem Thema duerchgefouert. 1000 Persoune sinn dofir befrot ginn a Perséinlechkeetsprofiller erstallt ginn, déi sech dem ënnerschiddleche Kaffi-Gout zougedeelt gi sinn.

Dobäi ass eraus komm, dass Leit déi hire Kaffi gäre staark drénken, méi Zilorientéiert an hektesch sinn. Dat ass e Resultat zu dem esouwuel den däitsche Wëssenschaftler wéi och déi amerikanesch Psychologin komm sinn.

Just Mëllech gëtt de Kaffi dacks vu Frae bestallt déi e Sënn fir d'Gesondheet a Wellness hunn. Fir esou Leit spillt net just d'Ausgesinn eng wichteg Roll, mee och déi bannescht Wäerter si wichteg. Empathesch, optimistesch an emotional ausgeglach trëfft och nach op déi Mënschen zou. Männer, déi an der Midlife-Crisis stiechen, drénken allerdéngs och dacks Kaffi mat Mëllech.

Mat Zocker, dat soen déi Fraen déi verschmuust, verspillt a glécklech sinn. Anescht ausgedréckt si se scho bal kannereg a fir all spaass ze hunn, fräizäitorientéiert a berufflech manner zilorientéiert. Bei de Männer heescht dat scho bal, dass se net erwuesse wëlle ginn.

D'Kinneksdisziplinn ass hei Kaffi mat Mëllech an Zocker. Et ass en Zeechen dorobber, dass der et gäre komfortabel hutt, ganz ouni Stress an Hektik a sidd dobäi och nach hëllefsbereet. Déi Persoun, déi se allerdéngs dacks vergiessen, si si selwer.