Et ass net dramatesch, kann allerdéngs awer richteg nerven. Mat e puer ganz einfachen Tricke kann een dat allerdéngs verhënneren.

Lauschtert eran

Am Summer huet een de Problem vun der Hëtzt am Auto an am Wanter ass et deemno d'Keelt. Ok, wann et ze waarm ass huet een normalerweis eng Klimaanlag a wann et ze kal ass eben eng Heizung. Do gëtt et awer nach e weidere Problem dee virun allem am Wanter kann nerveg sinn an zwar d'Fiichtegkeet.

Deen een oder aneren huet et sécher heiansdo, dass d'Fënstere vu bannen ugelaf sinn oder am schlëmmste Fall esouguer vu banne gefruer sinn. Wann dat de Fall ass kann een natierlech direkt d'Heizung opdréine bis d'Fënsteren nees fräi sinn. Besser ass hei awer präventiv ze schaffen.

Do ginn et verschidde Méiglechkeete fir d'Fiichtegkeet am Auto opzefänken an ze verhënneren, dass d'Fënstere vu bannen ulafen oder esouguer fréieren. Do ginn et esou ganz speziell Entfiichter déi ee fir net deier ze kafe kritt. Dat si kleng Säck mat engem spezielle Späichergranulat, déi ee ganz einfach an den Auto leet, am beschten ënnert de Sëtz. Dëse fänkt d'Fiichtegkeet op an zwar esou, dass der dësen no e puer Wochen einfach bei iech doheem eng Kéier musst bei d'Heizung leeë fir ze dréchnen a scho kënnt der en nees benotzen. Deen nämmlechten Effekt huet allerdéngs och e Sak Räis oder einfach Zeitungspabeier dat een op de Buedem leet.

Gëtt een der Fiichtegkeet, no guddem hëtzen an Entfiichter trotzdeem net lass, kann een an der Autosgarage eng Kéier nofroen u wat et läit. A ganz seelene Fäll kann et och e beschiedegten Heizküler sinn.