Fir op dës Fro eng Äntwert ze kréien, hu mer mat der Ministesch fir Ëmwelt, dem Carole Dieschbourg geschwat.

D’Klimaziler 2020. Déi konnten och effektiv hei zu Lëtzebuerg erreecht ginn. Ee Grond dofir war ganz kloer d’Pandemie. Am Interview hu mer mat der Ministesch fir Ëmwelt iwwert d’Klimaziler geschwat, ma awer och wéi d’Carole Dieschbourg de Klimaschutz an Zukunft gesäit, hei zu Lëtzebuerg.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Ministesch!

Mam Erreeche vun de Klimaziler am Joer 2020 dierf een zefridde sinn. De Gros vun den CO2 Emissioune kommen zu Lëtzebuerg duerch de Verkéier op eise Stroossen. Ma duerch de Lockdown bei eis an a ganz Europa konnte mer do vill aspueren.

Carole Dieschbourg: Wann also a ganz Europa, an och hei zu Lëtzebuerg et méi lues dréint, dann huet dat natierlech och een Effet op d'CO2-Emissiounen. An ech mengen dat gesäit een och am Resultat vum Verkaf vum Sprit op der Tankstell a soumat kënne mer och d'Klimaziler [ndlr: vun 2020] erreechen, awer net nëmmen domat.

Och duerch méi energie-effizient Bauen, oder ënnert anerem dem Klimapakt vun de Gemengen, verbessert sech eis Klimabilanz no an no.

CD: Mer reduzéieren eis Co2-Emissiounen, wärenddeem mer awer méi Bien-Être fir d'Leit schafen, méi Aarbechtsplaze schafen an ech mengen dat ass ee ganz wichtege Message.

Esou ee Lockdown wéi am Mäerz ze widderhuelen, wier awer keng Léisung. Weder fir d’Klima, nach fir d’Leit.

CD: Esou eng abrupt Bremsung wéi an der Pandemie ass op Dauer awer mengen ech net d'Léisung. Well mer och ganz vill Fräiheeten hu missen aschränken. A méi Klimaschutz ass jiddwerfalls net Fräiheeten aschränken. Mer musse kucken, dass mer anescht produzéieren, anescht hëtzen an eng besser Mobilitéit kréien. Dat ass d'Zil.

Fir d’Zukunft huet d’Ministesch wéineg Suergen, och wéinst deene Jonken.

CD: Also definitiv ass eng gutt Dynamik do. A grad bei deene jonke Leit mengen ech, do ass et scho méi laang esou, dass ech gesinn, dass se sech Gedanke maachen wéi se wëlle liewen. Villäicht a Gemeinschafts-Wunnformen, dass se net brauchen alles ze besëtzen. Dat heescht, dass mer och deelen, Sharing Economy, an eng Kreeslafwirtschaft preparéieren.

Et ginn nach vill Erausfuerderungen fir d’Zukunft. Ma soulaang een dës géif als Gesellschaft zesummen ugoen, misst ee sech keng Suerge maachen.