Vill Touristen souzen wénkt Covid an hirer Vakanzendestinatioun Neiséiland fest. Verschiddener vun hinnen hu sech entscheet och no dem Lockdown ze bleiwen.

Just éier d’Grenzen zougemaach goufen an d’Land Mëtt Mäerz 2020 an en nationale Lockdown gaangen ass, waren eng geschaten 250.000 Touristen an Neiséiland.

Déi meescht vun hinne sinn an den nächste Méint nees heemgaangen, wou d’Restriktioune gelackert goufen - mee wou Neiséiland temporär Visae verlängert huet, hunn eng Partie Leit sech dofir entscheet ze bleiwen. Mëtt Mee waren nach ronn 120.000 Leit mat engem temporäre Visa am Land.
Eng Koppel erzielt vun hirer Entscheedung och no de Restriktiounen ze bleiwen, well si dem neiséilännesche Gouvernement beim Handele vun der Pandemie méi vertraut hunn wéi hirem eegenen - dem vun den USA. A si sollte Recht behalen. Mëttlerweil kënnen si dohannen nees en normaalt Liewe féieren. Si hunn hier Autoen an hiert Haus zu LA verkaf a probéieren sech elo permanent an Neiséiland ze baséieren.

Et wier wéi en Horrorfilm ze kucken, erzielt eng aner Koppel. Et géif ee mussen nokucke wéi de Recht vun der Welt zesummebrécht a just wëlle ruffe ‘Nee géi net do eran! Dir sidd net am Lockdown an är Shopping-Zenteren si voll!’
Och wann et hinne schwéier fält getrennt vun hirer Famill ze sinn, a sech mussen ëm d’Gesondheet vun hire Frënn a Famillje-Memberen ze suergen, sinn si immens dankbar d’Entscheedung getraff ze hunn ze bleiwen.

Laut dem Dr. Tom Frieden, engem amerikanesche ‘infectious disease’ Expert, hätt en Amerikaner deen an Neiséiland ass en 200-Fach reduzéierte Risiko um Coronavirus ze stierwen.
Dëst erkläert da wuel och firwat eleng am Mee d’Demandë fir Emigratioun an Neiséiland aus Amerika ëm 65% geklomme sinn - dëst representéiert den Interessi vun 80.000 Mënschen.

Lauschtert hei d'Reportage: