D’Joer 2020 huet déi héchsten Zuel vun onofhängege Bichergeschäfter an der UK an Irland zanter 2013 gesinn.

Matzen an enger Pandemie e Bichergeschäft opzemaachen, schéngt en héije Ris ze sinn, deen déi mannst wéilten agoen. Ma et goufen awer 2020 iwwer 50 nei onofhängeg Bichergeschäfter an der UK an Irland opgemaach, woumat elo déi héchsten Zuel zanter 2013 enregistréiert gouf.

Eng vun dëse Persoune war zum Beispill d’Jane James. Si war fräischaffend Comptabel bis duerch d’Pandemie de Gros vun hirer Aarbecht  verschwonnen ass. Amplaz ze waarden datt d’Situatioun sech vum selwe verbessert, huet Si sech dunn en Dram verwierklecht an zu Norfolk an England hiert eegent Bichergeschäft opgemaach.
 
D’Meryl Halls, Managing Director vun der Booksellers Association, freet sech op dësen Trend 2021 wäert weidergoen. Si schwätzt dovunner, datt d’Pandemie vill Leit dozou ugereegt huet sech hiert Liewen nach eng Kéier méi genee unzekucken. En eegent Bichergeschäft ze hunn, wier fir vill Mënschen e verlockende Liewensstil, an déi momentan Introspektioun kéint si dozou verleeden dësem Dram endlech nozegoen.

Am grousse Ganze schéngen d’Awunner frou ze si kënne lokal Bichergeschäfter ze ënnerstëtzen - natierlech hunn trotzdeem vill Bichergeschäfter missen hier Dieren zoumaachen. Et ass definitiv keng einfach Zäit, vill Eventer hu missen annuléiert ginn an d’Geschäfter mussen all puer Méint bei engem neie Lockdown nees hier Dieren zoumaachen.

Well esouvill Geschäfter an den Akafsstroossen an de leschte Méint hu missen zoumaachen, schéngen d’Awunner op en Neits de Wäert unzëerkenne fir lokal ze kafen an hier regional Betriber ze ënnerstëtzen, mengt d’Meryl Halls.

Hoffe mir datt dëse positiven Trend unhält a mir optimistesch kënnen an d’Joer 2021 goen.

Lauschtert hei d'Reportage: