All Mënsch ass eenzegaarteg, oder och net. Eng Etüd huet erausfonnt dass et eigentlech just 4 Perséinlechkeetstyppe ginn.

Lauschter hei!

Eis Perséinlechkeet bilt sech aus eisen individuellen Erfarungen, eisem Ëmfeld an nach ganz anere Faktoren. Et ginn déi verschiddensten Theorien, déi probéieren ze erkläre wat d'Perséinlechkeet beaflosst a wéi sech déi eigentlech zesummesetzt.

"Big 5 Modell" ass eng dovun a gëtt am Meeschte genotzt. Dëse bewäert 5 bestëmmte Perséinlechkeetseegenschaften, wéi zum Beispill, Oppenheet, Gesellegkeet, oder Empathie. Domadder kann een dann e Perséinlechkeetsprofil erstellen.
Eng Etüd huet sech un dësem Model orientéiert a behaapt elo dass et just 4 verschidde Perséinlechkeetstyppe ginn. Heifir goufen d'Äntwerte vun 1,5 Millioune Leit ausgewäert; dat mat Hëllef vun enger Online-Enquête.

Den duerchschnëttlechen Typ ass zum Beispill zimmlech oppe géigeniwwer vun Neiem, zitt awer am Léifste seng Gewunnechte vir. Ausserdeem huet dësen Typ dacks Problemer seng Emotiounen ze managen, wat e méi verletzlech mécht. Am Schnëtt fale méi Frae wéi Männer an dës Kategorie.

De reservéierten Typ ass emotional méi stabil a fillt sech net esou séier ugegraff. Dat wéinst senger méi sachlecher Astellung. Déi weist sech och a senger Kompromëssbereetschaft. Dofir ass dësen Typ awer manner oppen a geselleg. Oft sinn introvertéiert Persounen, déi sech léiwer am Hannergrond halen, Deel vun dëser Grupp.

De virbildlechen Typ ass gären ënnert Leit, oppen an huet eng héich emotional Intelligenz. Am Allgemenge si Membere vun dëser Kategorie angeneem Leit a zielen zu gudde Frënn. Mat wuessendem Alter a Liewenserfarung klëmmt dann och d'Warscheinlechkeet dëser Grupp unzegehéieren.

Den egoisteschen Typ kann een als geselleg bezeechnen, en ass awer schnell beleidegt. Dësen Typ ass oft onzouverlässeg a weist wéineg Empathie. Zu dëser Grupp gehéieren oft jonk Männer. Mee keng Angscht, wann dir Iech elo an dëser Kategorie rëmfonnt hutt, mam Alter wiisst een normalerweis aus der Phase eraus.