Den Internet kenne mer alleguer. Well wann der deen Artikel grad liest, da sidd der am Gaangen um Internet ze surfen. Mee wat ass eigentlech den Dark Web?

Der denkt der kennt den Internet? Mer benotzen en jo schliisslech all Dag. Mee wéi steet et mat ärem Wësse ronderëm déi däischter Säit vum Internet? Mer kucken elo séier, wat den Internet, an dann och den DarkWeb eigentlech ass.

Lauschtert hei eran!

Et kann een den Internet an dräi Kategorien ënnerdeelen: den "ëffentleche Web", den "Deep Web" an dann den "Dark Web". Stellt Iech elo fir den Internet wier een Äisbierg. Wat mer all Dag gesinn, entsprécht eigentlech just engem Brochdeel vum ganzen Internet. An dat ass eeben den "ëffentleche Web". Also dee Contenu dee mer duerch Google, Yahoo, Bing! oder aner konventionell Sichmaschinne fannen.

© pikisuperstar / eldoradio

Duerno, souzesoen "ënnert der Waasseruewerfläch" vun eisem Internet-Äisbierg fanne mer dann eemol den "Déiwe Web". Dat sinn all d'Informatiounen déi net duerch déi gängeg Sichmaschinnen ugewise ginn. Do gehéieren zum Beispill och PDF-Dateien, oder Internetsitten, déi net esou dacks besicht ginn. Och Internetsäiten bei deenen een ee Webformular ausfëlle muss gehéieren zum "Déiwe Web" dobäi. Illegal Aktioune ginn et am "Deep Web" awer net wierklech.

An da komme mer bei den Dark Web. Déi däischter Säit vum Internet. Dësen Deel vum Internet ass net wierklech iwwert déi typesch Sichmaschinnen oder Internetbrowser ze fannen, an existéiert net iwwer zentral Serveren. Hei sinn et eigentlech privat PC'en déi sech zesummeschléissen, an esou een Netz bilden. Den Austosch vun den Daten tëscht deene verschiddene Computeren leeft dann och verschlësselt.  An dowéinst sinn se och schwéier ze fannen. Accès kritt een duerch Sitte wéi Hidden Wiki oder Newzbin Search an och ee speziellen Internetbrowser. D'Notze vum Dark Web u sech ass net illegal. De Virdeel ass hei, dass een onsiichtbar um Internet kann ënnerwee sinn. Ma e gëtt awer vu ville benotzt, fir kriminell Transaktiounen ofzeschléissen. Wien also an den Dark Web geet, befënnt sech am "Wëlle Weste" vum Internet. Also ganz nom Motto "Betrieden op eege Gefor".