Eist Iessverhalen huet en Effekt op eist Gehier. Esouwuel am positive wéi och am negativen.

Lauschtert eran

Et mécht een e Regime a freet sech dann och mol op deen een oder anere Cheat-Day, en Dag op deem een iesse ka wat ee wëll an de Regime fir kuerz Zäit vergësst. Dat soll een allerdéngs evitéieren, net well et net gutt fir d’Diät ass, mee fir eist Gehier.

Fuerscher vun der Rush University Medical Center hunn dozou eng Etüd duerchgefouert a sinn der Meenung, dass déi positiv Auswierkunge vu gesonntem Iessen op eist Gehier, duerch schlecht Ernierung opgehuewe gëtt.

Mediterran Liewensmëttel wéi zum Beispill Uebst, Geméis, Nëss, Olivenueleg, Fësch a Grompere gëllen hei als gesond an halen eis fit. Ma besonnesch eeler Leit profitéiere dovun, well déi Liewensmëttel eist Gehier fit halen an den Alterungsprozess dovu verréngert.

D’Fuerscher hunn et ënnersicht an deem se méi wéi 5000 Awunner vu Chicago mat iwwer 65 Joer vun 1993 bis 2012 ënnersicht hunn. All 3 Joer hunn d’Testpersoune missten e kognitiven test maachen. Dobäi ass och nach an An drop gehale ginn, wéi streng se sech un eng klassesch Mëttelmier-Diät gehalen hunn. Dono ass da gekuckt gi wéi vill ongesond Saachen zousätzlech consomméiert gi sinn.

Dobäi ass eraus komm, dass déi Leit déi sech zousätzlech méi ongesond ernärt hunn, absolut keng Virdeeler duerch dat gesond Iessen haten. Déi Persoun déi sech allerdéngs streng un déi mediterran Diät gehalen hunn, haten am Duerchschnëtt ee 6 Joer méi jonke mentalen Alter.

An Zukunft gëllt et also sech esou gutt et geet gesond ze ernären.