Et ass e grousse Bestanddeel vun eisem Liewen, ob mer dat elo wëllen oder net. Virun allem beaflosst eis d'Musek ënnerbewosst.

Lauschtert eran

Se begleet eis duerch gutt a schlecht Zäiten, motivéiert eis an ass e ganz grousse Bestanddeel vum Eldo an zwar d’Musek. Vill Leit verdéngen domat hier Suen a bréngen et esouguer fäerdeg ganz Generatiounen ze prägen.

Ma dat ass nach net laang net alles. D’Musek wierkt sech op villes aus, esou och op den Alkoholkonsum. De franséische Psycholog Nicolas Guéguen vun der Universitéit Bretagne-Sud zu Lorient, huet 2008 am Kader vun enger Etüd, Männer observéiert déi Béier drénken. Wärend dem Versuch kruten d’Testpersoune Musek virgespillt. Dat eng Kéier mat moderater Lautstäerkt an enger kéier ass méi opgedréint ginn. Eraus komm ass, wann d’Musek lues ass, hunn d’Männer am Schnëtt 15 Minutte fir eng Béier gebraucht, war d’Musek haart, just 12 Minutten. Dem Psycholog no ginn et 2 verschidden Erklärungen. Entweder klëmmt duerch déi haart Musek den allgemengen Erregungszoustand vun de Gäscht an drénken doduerch méi, oder se drénke méi séier well eng Conversatioun bei haarder Musek méi schwéier ass.

Musek steigert ausserdeem och d’Ausdauer. Dat huet 2008 de Sportwëssenschaftler Costas Karageorghis vun der Londoner Brunel-Universitéit erausfonnt. Wärend 30 Persounen op engem Lafband zu verschiddener Musek hu misste lafen, hu se 15 % méi Leeschtung bruecht wan se am Tempo vum Lidd gelaf sinn, an tëscht 120 a 140 Pulsschléi pro Minutten haten.

An d’Musek beaflosst eist Kafverhalen. Den Adrian North vun der brittescher Universitéit zu Leicester huet dat schonn 1997 bewisen. An engem Testversuch ass an engem Supermarché eng Kéier franséisch Akkordeonmusek an eng Kéier däitsch Blosmusek gespillt ginn. Bei franséischer Musek war 77% vun de verlafte Wäiner och franséisch. Ass däitsch Musek gespillt ginn, waren 73% vun de verkafte Wäiner aus Däitschland.