Net jiddereen drénkt e gär. Ma déi, déi e gär hu wëllen net iergend ee Schluutjen drénken.

Lauschtert eran

Ouni dat geet näischt an zwar de Kaffi. Kuckt ee mol esou iwwert de Büro dann huet een d’Gefill verschiddener géingen 10 Tasen den Dag drénken, woubäi dat bei verschiddene sécher nach ënnerdriwwen ass.

Ma Kaffi ass awer net gläich Kaffi. Hei ass et wichteg op verschiddenes opzepassen, respektiv verschidden Tricken ze berécksiichtegen, wann ee wëll, dass dat schwaarzt Gold esou schmaacht wéi a sengem Liiblingskaffee.

Natierlech geet et do scho bei de Boune lass. Hei musst der oppasse wéi eng der kaaft. D’Boun ass nämlech verantwortlech fir richteg gudde Kaffi. Dofir huelt iech einfach mol Zäit fir déi fir iech perfekte Bounen-Zort ze fannen.

Hutt der de Kaffi bis an der Taass geet een dacks dovunner aus, dass een nodréiglech um Goût net méi vill ännere kann, ausser mat Mëllech an Zocker. Dee Gedanken ass awer falsch. Wann iech de Kaffi e bëssen ze batter ass, da maacht e Pouz Salz an är Taass. Dat reduzéiert dee battere Goût an hieft dee vum Kaffi ervir.

Sidd der elo éischter e Fan vum Iced-Latte da kënne mer iech just recommandéiere fir am Viraus Kaffi a Form vun Äiswierfele anzefréieren. Déi kënnt der dono benotzen, dass den Iced-Latte net verwässert.

Zu gudder lescht nach de Cold-Brew-Coffee. Dat ass einfach gemuelene Kaffi iwwert dee kee waarmt, mee kaalt Waasser leeft. Dat hëlt natierlech vill Zäit, Zäit déi net jiddereen huet. Dofir hei eise leschten Tipp. Maacht iech ee duebel staarke Kaffi, deen der der an eng Taass iwwert Äiswierfel kippt.

A voilà, perfekte Kaffisgenoss an deenen eegene véier Wänn.