Schützen FFP2-Maske besser wéi normal Masken? A wisou?

Wien a Bayern am Zuch oder am Bus ënnerwee ass oder akafe geet, muss vun nächster Woch un, eng FFP2-Mask undoen, an net déi normal Masken. Och Eisträich diskutéiert doriwwer. Mee kann dës Mesure de Risk vun enger Corona-Infektioun wierklech reduzéieren?

FFP2-Maske geheieren zu deene méi sécheren an och méi déiere Masken, déi een an der Reegel an den Apdikten ze kafe kritt. Se gesinn e bëssen aus wéi Filtertuten, d’Ootmen domadder ass allgemeng méi schwéier. Am Ufank vun der Pandemie waren déi Masken dem Personal an de Spideeler virbehalen, antëscht ginn der awer méi produzéiert, sou dass och anerer dës Maske kafe kënnen.

De Groussdeel vun de Partikulen an d’Aeorsollen aus der Ausotem-Loft an aus der Anotem-Loft gi mat dëser Mask gefiltert.

Einfach Maske filtere kleng Partikulen net esou gutt, a sinn deemno fir de Selbstschutz net sou optimal. FFP2-Maske sinn allgemeng méi dicht a filteren sou méi, och méi kleng Partikulen.

Den Experten no bidden FFP2-Maske awer keen 100 prozentege Schutz, och wann se perfekt ugedoe ginn. Allgemeng geet eng eenzeg Mesure net duer, et ass éischter d’Zesummespill vun e puer Mesuren, déi de Risk vun enger Infektioun op 0 setzen.

Ob och zu Lëtzebuerg, sou wéi a Bayern, d’FFP2-Maskeflicht am ëffentlechen Transport an am Supermarché kéint kommen, ass net gewosst.

Lauschtert hei d'Reportage: