Vun de Bëschbränn an Australien bis hin zu Covid-19. Packs du et, d'Joer 2020 ze iwwerliewen?

D'Joer 2020 war a villen Hisiichte speziell. Nieft dem Covid-19 goufen et och nach d'Bëschbränn an Australien an historesch Walen an den USA. Ouni Zweiwel wäert d'Joer 2020 an d'Geschichtsbicher agoen. 12 Méint vun deene mir nach am héijen Alter wäerten erzielen: "Mir hunn d'Joer 2020 iwwerlieft".

De Max Garkavyy huet e Browser-Game entwéckelt, dat all déi historesch Momenter aus dem Joer 2020 nogestallt huet. Vun de Bëschbränn an Australien, d'Covid-19-Quarantän an de laang erwaarten Impfstoff. Är Aufgab am Spill ass et, all dës Evenementer ze iwwerliewen. Wien fréier Super Mario gespillt huet, misst normalerweis kee Problem hunn.

D'Eldo Redaktioun war begeeschtert.

Can You Survive 2020?