Säit WhatsApp d'User opfuerdert, nei Reegelen unzehuelen, melle sech wéi et ausgesäit vill Clienten of. Dobäi sinn di nei Reegelen guer net sou dramatesch.

Et kënnt Beweegung an de Marché vun de Messenger-Apps fir de Smartphone. Säit Whatsapp nei Userkonditiounen an Dateschutzreegelen annoncéiert huet, leeën d’Konkurrenten iwwerduerchschnëttlech zou. De Schwäizer Messenger Threema deelt mat, dass d’Downloadzuele sech di lescht Woch vervillfacht hätten. Änlech Meldungen gëtt et vun Telegram a Signal.

Wéi den Telegram-Chef seet, hätt een an der éischter Januarwoch den Niveau vu 500 Milliounen aktive User iwwertraff.  Eleng an de leschten 72 Stonne wieren 25 Millioune User dobäi komm. Di nei User kéimen  aus der ganzer Welt – 38 Prozent aus Asien, 27 Prozent aus Europa, 21 Prozent aus Latäinamerika an 8 Prozent aus dem Noen Osten an Afrika

Den dateschutzfrëndliche WhatsApp-Konkurrent Signal profitéiert och vun enger Recommandatioun vum Elon Musk. Den Tesla-Chef hat op Twitter „Use Signal“, also „Benotzt Signal“ geschriwwen. Dono hunn d’Server vu  Signal den Undrang vun de villen neie Clienten net méi gepackt.

WhatsApp bleift awer mat méi wéi zwou Milliarde User de weltwäit erfollegräichste Messenger-Déngscht, virum Facebook-Messenger mat 1,3 Milliarde User an dem chineseschen Service WeChat mat 1,1 Milliarde User.

Di nei Dateschutzreegel vu WhatsApp gouf an der lescht kontrovers diskutéiert, well et dobäi och drëm geet, wéi WhatsApp Donnéeë mat anere Facebook-Entreprise gedeelt ginn. Grouss Changementer géingen allerdéngs just fir User ausserhalb vu der Europäescher Regioun, heescht et bei Whatsapp.