Viru kuerzem huet d'EU Miel-Wuerm-Larven als sécher fir de Konsum deklaréiert. Mee wat sinn eigentlech d'Virdeeler dovunner Insekten z'iessen?

Lauschter hei!

A ville Länner sinn Insekten e feste Bestanddeel vun der Ernierung: 80% vun der Weltbevëlkerung knabberen nämlech gären u klenge Kiewerleken. Datt sech dat hei an Europa nach net duerchgesat huet, läit warscheinlech dodrun dass Mueden, Heesprénger a Co ganz dacks als knaschteg an onhygienesch ugesi ginn. Mee wat wier wann ee se ganz normal an de Supermarchéen ze kafe kréich?

Insekte si gesond, hëllefe beim ofhuelen a beim Muskelopbau. Kuerz gesot: Si si richteg Protein-Bommen! 100g Seejomesse bestinn zum Beispill aus 14g puerem Protein an decken 71% vum deegleche Bedarf un Eisen. Béid Stoffer si wichteg fir eise Kierper well si d'Sauerstoffopnam fërderen an d'Immunsystem stäerken. Iwweregens hunn 100g rout Fleesch ongeféier genau esouvill Proteinnen ewéi 100g Heesprénger.

Insekten hunn awer och de Virdeel, datt si däitlech manner Fudder a Waasser brauchen ewéi normal Notzdéieren. Fir 1 Kilo Rëndfleesch brauch een an der Produktioun zum Beispill ronn 10 Kg Fudder a 15 Liter Waasser. Am Vergläich mat den Heesprénger ass dat bal 5 Mol esouvill. Déi brauchen an der Moyenne nämlech nëmmen e bësse méi wéi 1,5 Kg Fudder fir 1 Kg Fleesch. Fir 1 Kg Miel-Wuerm-Larve brauch een dann ongeféier esouvill Waasser a Fudder, wéi fir d'Produktioun vun 1 Kg Poulet.

Och d'Ëmwelt géif sech freeë wa mir méi Insekten iesse géifen. Schwäin, Kéi an Hénger produzéieren nämlech enorm vill Zäregaser. Pro Kilo Protein produzéiert eng Kou 2850 Gramm vun dëse Gasen, en Heesprénger just 1 Gramm. Ausserdeem brauchen déi kleng Insekten däitlech manner Platz.

Et gi ronn 1900 verschidden Zorten Insekten déi een iesse kann. Genee esouvill Aarten ewéi et ginn, ginn et och Méiglechkeeten se ze genéissen: Einfach esou wéi se sinn, gegrillt, frittéiert op de Kniddelen, gebroden op der Zalot oder et verschafft een se weider zu Miel. Gudden Appetit!