Säin eegene Schweinehund ze iwwerwannen ass net einfach. Mat e puer klengen Tipps ass dat allerdéngs méi einfach wéi ee mengt.

Lauschtert eran

Pizza, Pudding, Chipsen oder Kamellen, dat sinn heiansdo déi Saachen déi engem kuerz virun oder no Mëtternuecht duerch de Kapp geeschteren. Et weess ee ganz genau, dass esou ee Snack absolut net muss sinn an och quasi näischt bréngt ausser, dass ee säi Verlaange fir kuerz Zäit gestëllt huet an dono dann awer ee schlecht Gewëssen huet.

Et ass jo kee Geheimnis wann ech soen, dass dat virun allem an engem Regime absolut net unzeroden ass. Well och wann een et elo just ee mol gemaach huet, kann et passéieren, dass et zu enger Routine gëtt an ee reegelméisseg an der Nuecht esou ee klengen Honger kritt.

Verhënnere kënnt der dat eigentlech ganz einfach an deem der bewosst akaaft. Bunkert net tonne Pizza, Chipsen asw, da faalt der an der Nuecht och net doriwwer.

Méi drastesch, ma trotzdeem hëllefräich ass wann der iech um Wee bis bei de Frigo kleng Hürden opbaut. Stellt e Stull virdrun oder pecht en einfach mat Scotch zou. Natierlech kritt der en trotzdeem nach ganz einfach op, ma wann der d'Hindernisser gesitt, gitt der allerdéngs direkt nees dorunner erënnert, dass der et besser hutt sinn ze loossen.

Wat och nach hëlleft ass wann der äre Stress am Alldag reduzéiert. Leet den Handy einfach mol op d'Säit a gewinnt iech un eng Owes-Routine. Dat féiert dozou, dass der iech entspaant, owes éischter midd gitt an net op d'Iddi kommt iech nach eng Steinofenpizza an e Liter Cola eran ze jummen.

Woubäi een awer och muss soen, dass heiansdo e klenger Midnightsnack och net verkéiert ass. Mee wéi gesot just heiansdo.