Wann et am Bett net esou klappt wéi dir Iech et virstellt, huet dat vläicht mat ärem Stärenzeechen ze dinn.

Et ass warscheinlech déi schéinsten Niewesaach vun der Welt. Virun allem am Joer 2020 sinn d'Leit sech wéinst Lockdown a Co. dacks méi no komm. Ma net Jidderee weess, wéi en sech am Bett uleeë soll. Verschidde Leit behaapten esouguer, et wier eng Wëssenschaft vir sech. Ma wann dir net gutt am Bett sidd, dann huet dat vläicht mat de Stären ze dinn. Déi typesch Charakter-Eegenschafte vu verschiddene Stärenzeeche maachen et engem nämlech relativ schwéier an d'Gäng ze kommen.

Huele mir zum Beispill den Zwilling. Si denken am Liewe ganz genee no a wëllen Näischt dem Zoufall iwwerloossen. Alles muss genee geplangt sinn, am Beschten och de Sex. Et feelt also dacks u Spontanitéit an sech fale loossen a genéisse, fällt dem Zwilling schwéier.

De Contraire ass et da bei de Léiwen. Obwuel dat elo net onbedéngt positiv ass. Léiwen hunn dacks e groussen Ego an denken och beim Sex dacks just u sech selwer. Wann de Partner ze kuerz kënnt, ass dat dacks en NO-GO.

Bei de Jongfraen ass d'Wuert Programm. Si sinn de Stären no éischter verklemmt. Am Beschte just Kuschel-Sex an net vill experimentéieren. Och bleift bei de Jongfraen d'Luucht meeschtens aus an d'Strëmp bleiwen un de Féiss.

De Steebock muss dann am Liewen ëmmer alles ënner Kontroll hunn. Seng Karriär, seng Finanzen a leider och de Sex. Gefiller weist e seelen, dofir ass de Sex dacks relativ mechanesch an net dominéiert vu grousse Gefiller.

Ma wéi sou dacks soll een, virun allem beim Sex, just déi Saache maachen, déi een och wierklech wëll. All Mënsch an all Koppel ass individuell.

Ma wann dir nom Lockdown erëm op Tinder a Co. ënnerwee sidd, sollt dir vläicht d'Fro "Wat bass du fir e Stärenzeechen?" an de Flirt mat abauen.