E grousse Grupp vu Volontairen, hu sech zesumme gesat a schaffen un engem Projet deen et esou hei zu Lëtzebuerg nach net gëtt.

Lauschtert eran

Hei zu Lëtzebuerg, fir genau ze sinn zu Réiden op der Atert, gëtt grad e Projet mam Numm Äerdschëff ëmgesat. E Begrëff deen eventuell nach net jidderengem bekannt ass. Mir ware fir iech op der Plaz an hu mam Annick Meiers geschwat, ee vun de Responsabele vum Projet. Den Numm kann eventuell e bëssen irritéieren. Ma den Numm ass bei dem ganze besonnesch wichteg, well dëse quasi Programm ass. Fir genau ze si funktionéiert et wéi e Schëff just, dass et net schwëmmt, mee op der Äerd steet. Et ass en Off-Grid-Gebai wat u keng Netzwierker gebonnen ass a seng eege Recourse generéiert.

Dat speziellt um Bau ass, dass et quasi nëmme vu Volontaire gebaut gëtt.

Bal 2 Joer huet et gedauert fir alleguerten d'Geneemegungen ze kréien esou, dass se am Juli 2019 ugefangen hu mat bauen. Natierlech ass dat ganzt duerch de Covid och e bësse méi lues viru gaangen. Viraussiichtlech wäert d'Äerdschëff tëscht August an Oktober dëst Joer fäerdeg ginn.

Jiddereen ass um Chantier wëllkomm, fir sech sur Place ze informéieren. Oder dir surft laanscht op äerdschëff.cell.lu

© Eldoradio

© Eldoradio