Fir verschidde Stärenzeechen gëllt et sech op ee Joer voll neier Saachen anzestellen.

Zwilling

D'Zwillingen hunn de Besoin no Changement. An d'Stäre weisen, dass dësen och kënnt. Dat haaptsächlech wann et ëm d'Léift geet. Do ginn et zwou Méiglechkeeten: entweder ännert sech alles am Positive Sënn, a punkto Bezéiung oder Date gëtt et séier eescht. Oder de Wuerm kënnt dëst Joer an d'Bezéiunge vum Zwilling an et gëtt Zäit ee Schlussstréch ze zéien.

Lauschtert hei eran!

Jongfra

D'Jongfraen hu gären d'Kontroll. Dat ännert och 2021 net. Ma si fannen, dass sech 2021 eppes muss änneren, an huelen hiert Gléck dann och selwer an d'Hand. Si wäerten dëst Joer vill u sech selwer schaffen, virun allem manner ze zweiwelen a méi ze liewen. D'Chance si grouss, dass mer eis Jongfraen um Schluss vum Joer bal net méi erëm erkennen.

Waassermann

Bei de Waassermänner ass de Wiessel dëst Joer punkto Beruff. An zwar am Positiven! D'Waassermänner hu laang fir hir Dreem am Job gekämpft. An 2021 sollen se belount ginn. Wa se da bis op deem Punkt ukomm sinn, ass dann och Plaz am Kapp fir iwwert aner Saachen nozedenken, déi näischt mat der Aarbecht ze dinn hunn.