Dësen Dating-Trend ass méi wéi Frëndschaft Plus mee manner wéi eng richteg Bezéiung…

Wat Frëndschaft Plus ass, dat wësse mëttlerweil déi meescht. Et ass ee mat enger Persoun befrënnt mat där een och Sex huet, ma eng fest Bezéiung steet hei net zur Debatt. Den Dating-Phänomen Nesting klengt vum Konzept villäicht änlech, ma hei huet een net just kierperlech Intimitéit an d’Relatioun ass ausserhalb vum Bett och net just frëndschaftlech.

Erlieft hunn esou eng Situatioun, obwuel d’Wuert „Nesting“ eréischt säit Kuerzem op social Media ronderëm geet, sécherlech schonn e puer Leit. Bei dësem Dating-Phänomen  ass et esou, dass ee mat engem aneren eng Bezéiung féiert, ouni tatsächlech eng Bezéiung ze féieren. Dat heescht, et mécht een alles mat där anerer Persoun, wéi een et och mat engem Partner géif maachen. Et léiert een d’Frënn vun deem anere kennen, verbréngt vill Zäit mateneen a weist och no baussen, dass een zesumme gehéiert. Also eigentlech: Well och wann een sech emotional no ass, keng aner Leit date an eng richteg Intimitéit mateneen deelt, offiziell zesummen ass ee beim Nesting net.

Dacks kënnt de Wonsch d’Bezéiung net als Relatioun ze labele just vun enger Säit, soss wär eng Frëndschaft Plus oder eben eng richteg Bezéiung. Ma dat ass et net: Et ass e bequeme Mëttelwee tëscht net musse Single ze sinn an all d’Virdeeler vun enger Partnerschaft ze hunn, ouni sech musse fest ze leeën. Dat op alle Fall fir déi eng Persoun, déi sech säin oder hiert d’Nascht baut. Fir déi aner Persoun vermëttelt et eng falsch Sécherheet, bis een iergendwann aus dem Nascht gestouss gëtt. D‘Aussoen „villäicht entwéckelt et sech jo nach“ oder „mir brauchen eis Bezéiung net ze definéieren“ treffen an de wéinegste Fäll zou. Wien dat Ganzt och no Méint net labele wëll als dat wat et ass, dee wäert dat wuel och net no Jore maachen.

Trotzdeem ass et wichteg ze soen, dass och bei dësem tëschemënschleche Phänomen 2 Persounen dozou gehéieren. Wie sech op esou e Spill aléisst, muss domat rechnen, dass op kuerz oder laang d’Gefiller blesséiert ginn.

Lauschtert eran