Dem Lisa Kudrow no sinn déi éischt Zeene schonn ofgedréint.

Déi éischt Dréiaarbechte fir de Special vun der Serie "Friends" goufe wéinst der Pandemie no hanne verréckelt. Elo sollen déi éischt Zeenen dann awer ofgedréint, esou d'Schauspillerin Lisa Kudrow, dat d' "Phoebe" an der Serie spillt.

Domat kann een also och d'Fans berouegen, déi bis elo net un eng Reunioun vun de 6 Frënn gegleeft hunn. Et wär déi éischte Kéier no 15 Joer, dass d'Haaptduersteller nees zesumme virun der Kamera stinn.