Als éischt gëllt et ze ënnersträichen, dass Schlittfueren net als sportlech Aktivitéit gëllt. Deemno dierf een net zu 10 zesummen ouni Mask Schlittfueren.

Den Donneschdeg huet fir déi éischte Kéier an dësem Wanter zu Lëtzebuerg richteg geschneit. Schnéimännercher bauen, Schnéiballschluechte maachen a mam Schlitt fuere steet elo bei ville Leit um Programm.

Ma besonnesch bei der leschter Aktivitéit stellen sech eng Partie Froen an et gëllt eng Partie Reegelen ze beuechten.

Als éischt stellt d'Fro, wou een iwwerhaapt mam Schlitt fueren dierf. Vill Leit ginn dofir zum Beispill op d'Felder vu Baueren. Wéi d'Police eis matgedeelt huet, ass dat am Prinzip erlaabt. Dëst allerdéngs nëmmen, wann de Bauer dem dat betraffent Feld gehéiert engem et net verbitt. Och wann e Feld mat engem Drot ofgespaart ass, dierf een net drop fir mam Schlitt ze fueren. Wien dat trotzdeem mécht riskéiert eng Plainte.

An der aktueller sanitärer Situatioun stellt sech iwwerdeems natierlech d'Fro wéi eng Mesure géint de Coronavirus ee beim Schlittfueren anhale muss. Hei gëllt et als éischt ze ënnersträichen, dass Schlittfueren net als sportlech Aktivitéit gëllt. Deemno dierf een net zu 10 zesummen ouni Mask mam Schlitt fueren.

Fir d'Schlitt-Fuere gëllen also déi selwecht Reegele wéi fir alleguer déi aner Rassemblementer am ëffentleche Raum. Konkret bedeit dat, dass d'Leit, déi am selwechte Stot wunnen sech mat maximal 2 anere Persounen aus engem Stot zesumme Schlittfueren dierfen.

Ma wéi gesäit et dann elo aus, wa schonn 10 Leit op enger Plaz mam Schlitt fueren an nach e weidere Grupp vu Leit dobäi kënnt? Mussen dann eng oder e puer Persounen dës Plaz nees verloossen?

Der Police no ass dat net de Fall. Villméi ass et esou, dass belibeg vill Gruppen op der selwechter Plaz mam Schlitt fueren dierfen. Allerdéngs dierfen déi eenzel Gruppen sech dann net zesummendinn.

Ganz egal wou, oder mat wiem zesummen ee mam Schlitt fuere geet, ass dëst kee Grond fir de Code de la Route ze ignoréieren. Och wann een de Spaass kaum erwaarde kann, dierf een sech also net egal wouhi parken. Wien dat trotzdeem mécht riskéiert e Protokoll.

Hei kënnt Dir dee ganze Reportage lauschteren!