Wärend Lëtzebuerg lues a lues aus dem Lockdown erauskënnt ass Groussbritannien nach ëmmer fest am Grëff vun der Coronapandemie.

D’Situatioun hei ass extrem eescht. Tëschent 40.000 and 60.000 Neiinfektioune ginn et hei all Dag a leider och wäit iwwer 1.000 Doudeger. De Gesondheetssystem ass enorm ënner Drock an all 30 Sekonne gëtt en neie Covidpatient hei an e Spidol ageliwwert. Vir d’Situatioun e bëssen ënner Kontroll ze bréngen a wëll d’ganzt Land jo souwisou schonn am haarde Lockdown ass, huet d’Regierung sech elo dozou entschloss, dass een nëmmen nach mat engem negative Covidtest a Groussbritannien areesen däerf.

Lauschtert hei de Reportage:

© pixabay.com

Fir vill Leit ass awer de Vaccin d’Liicht um Enn vum Tunnel. Mee och wann hei a Groussbritannien mëttlerweil 3 Impfstoffer zougelooss goufen, esou gëtt leider net ganz esou séier geimpft ewéi d’Leit et gären hätten. No groussem ëffentlechen Drock huet d’Regierung sech elo dozou entschloss awer 24 Stonnen op 24 ze impfen. Vun nächster Woch u gëtt dann och d’Nuecht duerch geimpft mam Zil bis de 15. Februar déi 15 Millioune Leit ze impfen déi am meeschte vulnerabel sinn an Enn Februar lues a lues de Lockdown opzehiewen.

Bis dohinner wäerten et awer nach e puer ganz haart Woche fir d’Britte ginn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter