Et ass méi wéi einfach nëmmen eng Wick déi brennt, mee eng kleng Luucht déi eis entspane léist an zum Wuelbefanne bäidréit.

Lauschtert eran

An eisem Alldag hu mol ups an downs. Momenter an deene mer eis wënschen d’Zäit géing stoe bleiwen an och Momenter aus deene mer am léifste géinge flüchten. Dat sinn alles Situatiounen déi eist Liewen eigentlech eréischt liewenswäert maachen. Heiansdo sinn et esouguer déi ganz kleng Saachen, déi engem eng Freed kënne maachen, och da wann et engem eigentlech net gutt geet.

Virun allem elo an Zäite vun der Pandemie fält op, dass Käerzen ëmmer méi beléift ginn. Duerch den Doft dee se verbreeden, léisen se bei de Leit eventuell gewëssen Erënnerungen aus. Erënnerungen un eng flott Vakanz, un e Persoun déi engem no steet oder et ass den Doft deen een einfach entspaant.

Wärend de Verkaf vum Makeup an deene leschte Méint erof gaangen ass, waren et dann awer d’Käerzen déi sech richteg gutt verkaf hunn. Dat läit virun allem dorunner, dass Käerze Sécherheet a Gebuergenheet vermëttelen, zwee Zoustänn déi mer grad an Zäite vun der Pandemie gebrauche kënnen. Vill Leit sinn an dëser Zäit vill eleng an hu kee fir owes mol gemitterlech den Dag kënnen auskléngen ze loossen, well se kee Partner hunn an hier sozial Kontakter mussen agrenzen.

Déi duuss Luucht an déi ganz dezent Hëtzt déi d’Käerz ausstraalt ass quasi Balsam fir eis Séil. Virun allem dann, wann eis e ganz bestëmmte Geroch u schéin Zäiten erënnert a mer doduerch nees weider Hoffnung op Besserung kréien.

Wann der also nees e weideren Owend an ären eegene véier Wänn sidd, da maacht iech mol e puer Käerzen un, lauschtert Musek, e Podcast oder kuckt e Film. Dir wäert gesinn, dass d'Atmosphär vill méi heemlech a gebuergen ass wann eng Käerz brennt.