Trends ginn et an all Beräicher. Dat och an der Léift. An eng Dating-App huet elo verschidden Trends beim Daten fir 2021 ermëttelt.

D'Corona-Pandemie huet villes verännert. Esou zum Beispill och wéi mer Leit kenneléieren. Aktuell ass et fir Singles jo effektiv e bësse méi schwiereg nei Leit kennen ze léieren. Déi bescht Hëllef ass et do effektiv op Dating-Apps zeréck ze gräifen. An do ginn et och ëmmer nees nei Trends. Esou huet d'App "Bumble" bei senge User emol nogefrot wéi si elo daten.

1. Hardballing

Kléngt méi schlëmm wéi et eigentlech ass. Duerch d'Pandemie si vill Singles sech bewosst ginn, wat se an hirem Liewe wëllen a brauchen. Ganz vill sinn elo nämlech bereet eng serieux Bezéiung ze féieren. A beim Hardballing geet et genee do drëms: mat oppene Kaarten ze spillen, a keng Zäit méi domat Zäit an eng Persoun z'inveséieren, déi net dat nämmlecht wëll.

2. Slow Dating

Dir sidd kee Fan dovun no 20 Minutte schreiwen iech schonn direkt mat enger Persoun ze treffen? Dann ass d'Slow-Dating warscheinlech genee dat Richtegt. Hei geet et de Leit nämlech drëm als éischt eng richteg Connectioun opzebauen zu der anerer Persoun. Dat duerch intensiivt Schreiwen mat déiwe Gespréicher.

3. New Dawn Dater

Ronn 15% vun de Bumble-Notzer hunn uginn, dass hir Bezéiung am Laf vun der Pandemie an d'Bréch gaangen ass. An elo déi éischte Kéier op enger Dating-App ënnerwee sinn fir Leit kennen ze léieren. Un déi Erfueren Online-Dater: verschotert déi nei Singles net ze vill.

4. Astrolove

An d'Stären sollen 2021 och ëmmer méi gefrot sinn an der Léift. Bei der "Astrolove" geet et drëms ze kucken, ob äert Stärenzeechen, an dat vun der Persoun un där der interesséiert sidd och zesumme passen. Dofir ginn d'Notzer dann an hirer Beschreiwung op den Dating-Apps dann och un, wéi ee Stärenzeeche si hunn.