Am Disney-Universum kennt een d‘Olivia Rodrigo scho laang an och op TikTok ass d'Sängerin net onbekannt. Elo stellt hatt och d‘Musekswelt op d'Kopp

Hatt ass deen neie Star an der Musekswelt. Di 17 Joer al Newcomerin Olivia Rodrigo iwwerrascht mat der Debütsingle „Drivers license“ an déi Nummer huet et a sech.

Di kalifornesch Sängerin ass op Instagram an TikTok scho laang bekannt an och zu Hollywood huet hatt sech schonn en Numm gemaach. Zanter iwwer engem Joer ass d’Olivia an der beléifter Disney+-Serie „High School Musical” ze gesinn. Wéi vill musikalescht Talent an him stécht,  hat hatt hei scho gewisen, mat engem Wierk wéi „Drivers License“ hat d’Branche awer sécher sou séier net gerechent. Esouguer d’Taylor Swift ass begeeschtert.

Wéi de Führerschäinsexamen d’Olivia Rodrigo zu engem Hit inspiréiert

De Juli 2020 war fir d’Olivia Rodrigo een decisive Mount. Op Instagram huet hat deemools ugekënnegt, dass hatt endlech de Führerschäinsexame gepackt hätt. Am Witz huet hatt gemengt, hatt kéint elo endlech eleng duerch d’Wunnquartier’e fueren an sengen Ex-Frënn notraueren – sou wéi et senger Meenung no typesch Amerikanerinne maachen. Des Virstellung huet d’Olivia inspiréiert ee Lidd ze schreiwen.

Dëse Mount ass dem Olivia säi Lidd eraus komm an huet säitdeem eng Plaz an den Charts. Als Songwriterin huet d’Olivia sech scho virdru bewisen- säi Lidd „All I Want“ , dat an der Disney+-Serie ze héieren ass, ass ee gefeierten TikTok-Hit.

Am Laf vum Joer wäert eng éischt EP mat weidere Lidder eraus kommen- an déi fënnt een jo vläicht och um Taylor Swift sengerPlaylist erëm. Dat huet sech nämlech schonn als Fan vun der Newcomerin geout.