Iwwer 10 Joer no sengem trageschen Enn, soll déi legendär Techno-Parad zréck op Berlin kommen.

Friede, Freude, Eierkuchen. Dat war d'Motto vun enger ganz besonnescher Demonstratioun, déi den 1. Juli 1989 zu Berlin stattfonnt huet. 150 Leit waren op der Plaz. Et war den Ufank vun der Love-Parade.

De Recht ass Geschicht. Op hirem Héichpunkt hunn 1,6 Millioune Leit friddlech zesumme gefeiert. Eng Traditioun, déi 2010 zu Duisburg op eng tragesch Aart a Weis op en Enn gaangen ass. Bei enger Masse-Panik sinn 21 Mënschen ëm d'Liewe komm. E Schëllege konnt bis haut net ermëttelt ginn. D'Ermëttlunge goufen agestallt.

D'Motto vun der Love Parade, dass all Mënsche friddlech zesumme feieren, egal wéi eng Hierkonft oder Astellung ze hunn, ass ville Leit awer bis haut an Erënnerung bliwwen. Sou och dem Mouvement Rave The Planet.

D'Iddi ass, en Event op d'Been ze stellen, dat dem Grondprinzip vun der Loveparade trei bleift. Just eben un d'Joer 2021 ugepasst. Ganz ënnert dem Motto We Are One Family. Mat organiséiert gëtt den Event vum Dr. Motte. Hien huet deemools am Joer 1989 déi éischt Love-Parade matgegrënnt. Support gëtt et ënnert anerem vun den Techno-DJs Oliver Huntemann, Felix Kröcher, Christian Smith, Bebetta, Gabriel Ananda a Mathew Jonson. An de leschte Jore goufe verschidde Spenden-Aktiounen organiséiert fir déi nei Love Parade kënnen ze organiséieren.

D'Rave The Planet Parade hätt sollten dëst Joer stattfannen, ma bedéngt duerch Covid-19 gouf dës op den 9. Juli 2022 verréckelt. En Datum, deen och vun der Stad Berlin confirméiert ginn ass.

Ravers, mir halen Iech um Lafenden...!