Wa mer Kleeder unhunn déi eis gefaalen, da ville mer eis wuel. Ëmgedréint ass dat natierlech och de Fall.

Lauschtert eran

Et muss ee kee Fashion-Expert si fir ze wëssen, dass ee sech wuel a glécklech a Kleeder villt déi engem gefalen. Wann dat bei iech net de Fall ass, da gefält iech warscheinlech ären eegene Style net.

Eis Aart a Weis wéi mer eis undi beaflosst net nëmmen eis, mee och déi Leit ronderëm eis. Etüden no hunn d'Faarfe giel, rosa a rout en opdréinenden an ophellenden Effekt op eis Laun an déi vun deene Leit ronderëm eis. Wann der also mol eng Kéier en Tuer trëppele gitt an dir wëllt iech net méi eleng an onsiichtbar villen, dann dot einfach mol eng knätsch rout Jackett un. Onsiichtbar villt der iech domat sécher net.

Och wann ee mueres opsteet, soll een am beschten net déi Kleeder undoen déi een den Dag virdrun, iert een an d'Bett gaangen ass, dohi geluecht huet. Dat vermëttelt engem nämlech net d'Gefill vun engem neien a frëschen Dag. Dot frësch Kleeder un, maacht iech e Kaffi, dréint de Radio op a lauschtert wat et neies an der Welt gëtt. Wann der dann duerch d'News mierkt wéi wéineg der eigentlech kontrolléiere kënnt, da freet iech einfach doriwwer, dass der kënnt kontrolléiere wéi eng Faarw äre Pullover, respektiv är Kleeder sollen hunn.

Duerch de Lockdown an d'Pandemie hu mer eise Kleeder-Styl doheem ugepasst. Dat awer virun allem am Homeoffice. Dacks gëtt en jogging ugedoen, net well mer latzeg a liddereg sinn, mee well eng Jeans mat Hiem doheem an den eegene véier Wänn, niewent der Kichen, Schlofkummer a Buedzëmmer, déi skurril Situatioun vu Pandemie an Ausgangsspär nach ënnersträicht.