Wéi hält ee sech am beschten un seng Virsätz, respektiv, wéi erreecht ee seng Zieler? Et ass net ëmmer einfach, mee dës Tipps kënnen hëllefen!

Lauschter hei!

Persounen, déi sech en Ziel gesat hunn, hunn dacks de selwechte Problem - d'Astellung! An zwar hunn mir vill ze dacks eng "ganz oder guer net" Approche. Dobäi muss een net esou streng mat sech selwer sinn, och wann een zum Beispill en "Cheat Day" hat, oder kee Sport gemaach huet, ass dat net dramatesch. An deem Fall soll ee sech soen: Muer gëtt nees gesond giess, oder muer ginn ech erëm lafen! Mir sinn nämlech oft vill ze séier demotivéiert, och wann et just e klenge Réckschlag war.

Hei hëlleft et och wann ee säin Ziel virun Aen hält. Zum Beispill kann ee sech eng Collage bastelen, déi d'Zieler representéiert. Eng Visualiséierung hëlleft nämlech well se d'Zieler méi gräifbar mécht an ee sech méi einfach drun erënnert.

En anere Problem ass, dass mir d'Ziel esou séier wéi méiglech erreeche wëllen, an doropsin iwwerfuerdert sinn. An deem Fall hëlleft et wann een säin Ziel an Tëschen-Zieler opdeelt - also ee Schratt nom aneren. Anstatt ze probéieren direkt mat 3 Bäll ze jongléieren, sollt een am Ufank mat 2 oder vläicht esouguer just mat engem trainéieren.

Am wichtegsten ass et awer, dass ee seng Fortschrëtter, mee och seng Nidderlagen unerkennt. Heiansdo ass een onmotivéiert an et klappt näischt. Dat ass normal a gehéiert dozou – keen ass perfekt an et ass och nach kee Meeschter vum Himmel gefall. Esoulaang een eppes aus der Situatioun leiert ass all Schratt e Schratt an déi richteg Richtung.