E Riichter deen eppes falsches mécht fir eppes guddes ze maachen. Esou kann een d'Serie kuerz a knapp beschreiwen.

Lauschtert eran

De Bryan Cranston, e Schauspiller dee mer virun allem als Hal vu Malcolm mittendrin kennen an och als Walter White aus Breaking Bad, ass elo an enger neier Serie ze gesinn an zwar ''Your Honor''.

De Bryan Cranston spillt de Riichter Michael Desiato aus New Orleans. Wéi hien enges Dag vu sengem Bouf, dem Adam erzielt kritt, dass dësen e Motorradsfuerer an engem Accident déidlech verletzt a Fahrerflucht begaangen huet, gëtt dem Michael Desiato eppes kloer. Den déidlech verongléckten ass de Jong vun deem gréisste Kriminellen aus New Orleans, Jimmy Baxter.

Aus Angscht virun der Revanche vum Baxter-Clan beschléisst de Michael net bei d'Police ze goen, mee de Fall ze vertuschen. Auto schruppen, bluddeg Kleedung wäschen a Beweiser am Floss verschwanne loossen. Fir säi Jong ze schützen, ass de Riichter bereet d'Säiten ze wiesselen.

Bei ville Serie brauch een e puer Episode bis een an der Geschicht dran ass. Hei ass et komplett anescht. Direkt no der éischter ass een zu 100% an der Handlung dran.

Se leeft vum 18. Januar un op Sky Ticket, Sky Q oder op Sky Atlantic. Dat ëmmer mat enger Episod pro Woch. Op IMDb gëtt d'Serie iwweregens mat 8.2 vun 10 méigleche Stäre bewäert.