Eng Plaz op der ee Live seng Gedanken a Meenunge ka Präis ginn. Dat bitt elo d'Plattform Clubhouse.

Lauschtert eran

Um Marché vun de soziale Medie gëtt et mëttlerweil relativ vill. Facebook an Instagram sinn do quasi schonn d'Fossilien an net ze vergiessen, säit 2016 dann elo och TikTok. Wéi et ausgesäit wiisst dee Marché ëmmer weider. Um Influencer Himmel gëtt et elo nämlech eng ganz nei Plattform déi nawell een zimmlech grousse Succès feiert an zwar d'App Clubhouse.

Et ass eng exklusiv Plattform, déi am Mäerz 2020 gegrënnt ginn ass. Do kënne Live-Podcasts zum Thema, Moud, Politik oder Musek iwwerdroe ginn. Niewend Stars wéi dem Joko Winterscheidt an dem André Schürrle, huet och d'Fashion-Bloggerin Caro Daur e Profil op Clubhouse.

Iwwert d'Sichfunktioun vun der App kënnen eenzel Persounen oder Clubs fonnd ginn. Déi Clubs sinn éischter Communitéiten, déi sech zu bestëmmten Themen zesummegeschloss hunn. Sou gëtt et zum Beispill e Club fir NBA-Fans an een an deem sech verschidde Leit iwwert Therapien ënnerhalen.

Den Hoken un der ganzer Saach ass, dass ee muss invitéiert ginn, fir kënnen op déi Plattform zeréck ze gräifen a sech en Account kënnen ze maachen. Donieft dierf all User nëmmen zwee weider Frënn alueden. Dat heescht, dass eigentlech och Normalos kënne vun der Plattform profitéieren. De Grond wisou d'Umeldungen elo nach begrenzt sinn ass, well d'Programméierung nach net ausgeräift ass. Dozou kënnt, dass Android-Notzer momentan net dovu kënne profitéieren. Dat läit allerdéngs um Betribssystem selwer.