Beim Sport verbrennt ee jo bekanntlech Fett. Eng Konsequenz dovun ass dass ee Gewiicht verléiert. Mee wouhi verschwannen déi ganz Kiloen?

Lauschter hei!

Beim Sport gëtt Fett duerch eng cheemesch Reaktioun an Energie ëmgewandelt a verbraucht - eng These déi ee ganz dacks héiert, déi awer nëmmen zum Deel stëmmt.

D’Fett kann nämlech net einfach esou verschwannen. Wien an der Chimie opgepasst huet kennt de sougenannte "Massenerhaltungssatz". Dee beseet, datt bei enger chemescher Reaktioun d'Mass, heescht also d'Gewiicht, sech net verännert an deemno hoergenee d'selwescht bleift.

Fett gëtt wärend dem Sport a Kuelestoffdioxid a Waasser, oder kuerz Co2 an H20, ëmgewandelt an dobäi entsteet Wäermt. Den Co2 gëtt dann iwwert Blutt an d'Long transportéiert, duerch déi en dann ausgeotemt gëtt. D’Waasser gëtt gréisstendeels iwwert Schweess oder aner Kierperflëssegkeeten ausgescheet. Ganzer 80% vum verbrannte Fett verléisst esou eise Kierper iwwert d’Longen. Et kann een also behaapten, datt d'Longen dat wichtegst Organ beim ofhuele sinn.

Well och wann ee grad kee Sport mécht otemt een, dat am Schnëtt 17.300 mol den Dag. Dobäi verbrennt een dann ongeféier 200g "Fett". Déi 200 Gramm sinn also esou gesot déi Energie, déi de Kierper brauch fir ouni Iessen an Drénken ze fonctionéieren.

Anscheinend kann ee mat där richteger Otem-Übung esouguer ofhuelen, Long-Breath-Diet nennt sech dat dann. Déi baséiert sech eben op deem Prinzip, datt de Sauerstoff deen een anotemt mam Kierperfett reagéiert an esou als Co2 an H2O erëm ausgescheet gëtt. Di Übunge soll een dann deeglech fir 2 bis 5 Minutte maachen. E Japanesche Schauspiller huet dës Übungen duerch Zoufall entdeckt a behaapt dass hien domadder ganzer 13 Kg a just 2 Méint ofgeholl huet.

Fir dës Method ginn et awer keng wëssenschaftlech Beweiser déi besoen dass se funktionéiert an éierlech gesot kléngt "Ofhuelen duerch ootmen" och ze schéi fir wouer ze sinn.