© Pixabay
Klischeeën: Staark, keng Gefiller weisen an ëmmer sexuell aktiv, fir mol nëmmen déi ze nennen. De Begrëff Onsécherheet fënnt do dacks keng Plaz.
D'Léift tëscht Mann a Fra ass net ëmmer ganz einfach. Bei ville Koppelen ass et esou, dass se net mat an och net ouni deen anere kënnen. Si se beieneen ass dacks Sträit, si se net beieneen, vermësst een deen aneren.
Et läit op der Hand, dass och ee vun deenen 2 oder eventuell déi 2 sech an der Bezéiung onsécher fillen. Eng déif Onsécherheet kann den Drot an d'Vertrauen zum Partner belaaschten. Virun allem bei engem Mann ass et schwéier déi Onsécherheeten eraus ze fannen, well d'Männer méi dacks verschloss sinn a keng Emotioune weisen. Et ginn awer e puer Unzeechen un deenen der erkennt, dass äre Mann veronséchert ass.
Vill Männer sinn deemno veronséchert wann d'Partnerin Komplimenter un aner Männer verdeelt. Verschiddener gi gutt domat eens, anerer manner a ville sech mannerwäerteg wa se net déi nämmlecht Komplimenter kréien.
Onsécherheet besteet och nach dann, wann een an enger fréierer Bezéiung bedru gouf. Doduerch ass d'Vertrauen dacks fort an et fänkt een un alles ze hannerfroen, wat logescherweis dozou féiert sech ëmmer méi an e Lach vu Mësstrauen ze buddelen.
Net ze ënnerschätzen ass d'Situatioun wann d'Partnerin vill männlech Frënn huet. De Partner ka sech hei eleng gelooss oder veronséchert villen. Wichteg ass hei mat oppene Kaarten ze spillen an dem Mann ze soen, dass e sech kee Kapp muss maachen. Probéiert ëm e gutt Gefill ze ginn a sidd éierlech vis a vis vun him.