© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
The Kid Laroi - Without You
Och wann ee Péng huet, ass et kee Grond anerer ze verletzen. Huelt Iech dat zu Häerz!
Stéier
Gnarls Barkley - Crazy
Eis Stéieren loossen dës Woch hir crazy Säit eraus. Gesäit heiansdo geféierlech aus, ass awer harmlos!
Zwilling
Jessia - I'm not pretty
Jiddereen huet emol Deeg un deenen en sech net esou gutt spiert. Bleift just net am Down hänken.
Kriibs
Justin Bieber - Anyone
Heiansdo brauch een eng ganz bestëmmte Persoun an net einfach iergendeen. Esou geet et och de Kriibse grad.
Léiw
Blackbear ft Wiz Khalifa - Cheers
De Léiwen ass et grad absolut net no feieren. Ma dankbar sinn se awer fir villes an hirem Liewen.
Jongfra
Evanescence ft Paul Mc Coy - Bring Me To Life
D'Jongfrae si prett endlech nees eppes ze fillen. Villäicht begéint der elo déi Persoun, déi iech nees wakereg rëselt.
Wo
Dr. Dre ft Snoop Dogg, Kurupt & Nate Dogg - The Next Episode
Et ass Zäit fir een neit Kapitel am Liewe vun de Woen. Gitt kreativ!
Skorpioun
Diplo & Sonny Fodera - Turn Back Time
D'Zäit zeréck dréinen an nees vu fir ufänken? Dat wënsche sech eis Skorpioune grad.
Schütze
Claire Rosinkranz - Backyard Boy
D'Suergen hannert sech loossen, an nees genéissen. Esou verbréngen d'Schützen dës Woch.
Steebock
Kiesza - Hideaway
D'Steebéck hunn dës Woch einfach kee Bock. Dofir verstoppe si sech doheem ënnert der Decken.
Waassermann
Zara Larrson ft Young Thug - Talk About Love
Wou geet et an der Bezéiung hin? Dat si Froen déi sech d'Waassermänner stellen, awer (nach) keng Äntwert wëllen.
Fësch
Adele - Hello
D'Fësch si grad e bëssen enttäuscht vun hirem Ëmfeld, a fille sech vergiess.