© Surprise Me
Merci soen, e klenge Geste verschécken oder einfach weisen, dass een un een denkt - dat ass de Projet vu 5 Schüler aus dem LTB.
An Zäite vun enger Kris, sinn et dacks déi kleng Saachen, déi Freed maachen. A genee dat brauche mer aktuell, Aktiounen, déi eis glécklech maachen, déi Courage ginn oder Trouscht spenden. 5 Schüler vun der 1ère Technicien aus dem Lycée Technique de Bonnevoie hu sech mat där Iddi ausernee gesat an doraus hire ganz eegene Projet entwéckelt. Am Interview hate mer d’Beatrice an d’Tamara vun "Surprise Me".
D'Konzept ass relativ einfach: Via Formulaire kann ee sech, respektiv eng aner Persoun, déi een iwwerrasche wëll, umellen. Hei dréit een dann d'Donnéeë vun där Persoun an a gëtt u wéi een hir eng Freed maache kéint. Esou kéint een zum Beispill der Nopesch, déi Infirmière ass a vill wärend der Kris misst schaffen, einfach emol Merci fir hiert Engagement soen.
Ma et geet net just drëms Leit Merci ze soen. Et kann ee sech och bei "Surprise Me" melle wann een enger Persoun, déi een elo wärend der Kris villäicht net ka gesinn, e klenge Kaddo maache wëll fir hinnen ze weisen, dass een u si denkt.
Op Social Media, sief et op der Facebook Säit oder dem Instagram vun der Mini-Entreprise, fannt dir de QR-Code fir de Formulaire. Wann der also eng Iddi hutt fir eng aner Persoun ze iwwerrasche kënnt der är nach Demande erareechen. D'Schüler sammele momentan nach d'Ufroen, verschaffen dës a kucke wéi vill Leit am Endeffekt kënnen iwwerrascht ginn. Hei muss nämlech fir d'éischt gekuckt gi wéi et mam Budget ausgesäit a wéi déi aktuell Situatioun ass. "Surprise Me" gëtt vun enger klenger Grupp geleet a well d'Leit net selwer fir d'Iwwerraschunge bezuele si se ënnert anerem op Donen ugewisen an op hirt eegent Engagement.
E Frühstück laanschtbréngen, e Blummebouquet virun d’Dier leeën oder e personaliséierte Video zesummeschneiden, dat wären déi kleng Kaddoen déi zum Beispill méiglech wären.
Lancéiert gi soll dat Ganzt dann am Februar. A Punkto Organisatioun kruten déi 5 dann och e bëssen Ënnerstëtzung vun enger Associatioun, déi schonn Erfarung an dësem Beräich huet, dem Wonschstär.